De (Chrëscht-)Bam
1. Dier vum Schëssen-Adventskalenner Och wann d’Wuert Bam den éischte Moment net immens spannend ausgesäit a kléngt, gesäit dat natierlech op den zweete Bléck ganz anescht aus. Am Ganze konnte mir 3 verschidden Aussprooche vu Bam enregistréieren. 1. Bam, 2. Bɔ:m respektiv Boam an 3. Bom (jo, dës Variant héiert sech genausou u wéi d’Wuert,…
Ganzen ArtikelKennt Dir schonn eisen Adventskalenner fir d’Joer 2018? All Dag presentéiere mir vu lo u kleng Resultater aus eise Schnëssen-Erhiewungen. Deelt a maacht wgl. och mat bei der drëtter Ronn vun den Erhiewungen.
D’Schnëssen-Ekipp wënscht schéin Adventsdeeg!
Raviol(l)i(en), Mailand an eng Minettmetropol am Futtballféiwer
Haut ass et erëm souwäit: Den F91 Diddeleng spillt säin zweetleschte Match am Kader vun der Europa League an dat géint den AC Mailand am Giuseppe-Meazza-Stadion. Wat kënnt engem esou an de Sënn, wann een u Mailand dénkt? Natierlech Moud a chic Butteker. Mir hunn allerdéngs direkt un Iessen an domat un Nuddele geduecht.…
Ganzen ArtikelKaffi drénken a Co.
An der zweeter Ronn vun eiser Schnëssen-App hu mir d’Leit ë.a. d’Fro gestallt, wéi si déi éischt Moolzecht vum Dag nennen. An deenen 875 Opnamen, déi mir bei deem Item ausgewäert hunn, fanne sech, wéi sou dacks, direkt e puer Varianten. Am heefegste gouf mat 38,1% d’Variant „Kaffi drénken“ (333) genannt, op déi zweet Plaz…
Ganzen ArtikelKonferenz ‚Sprooch(en) am berufflechen Alldag zu Lëtzebuerg‘
Universitéit Lëtzebuerg, 22. November 2018 Campus Belval, Maison des Sciences Humaines, Black Box Reng sproochpolitesch gesi war 2017 en interessant a mouvementéiert Joer: D’Sprooche-Petitioune 698 a 725 hunn däitlech gemaach, wéi verschiddenaarteg iwwer d’Plaz, d’Roll, d’Funktioun an d’Potential vum Lëtzebuergeschen an der Gesellschaft nogeduecht gëtt. Déi vum Educatiounsministère organiséiert Orthographies-Campagne schreiwen.lu weist däitlech, dass Diskussiounen…
Ganzen ArtikelHien huet e Kapp wéi eng Kalbass! – De Kürbis
Mam Afloss vum amerikaneschen Halloween, dee méi a méi an Europa eriwwerkënnt, erënneren d’Leit sech och nees méi un de lokale Brauch vum Trauliicht. Waren et an der Groussregioun nach Rommelen, déi ausgehielegt goufen, hunn d’Iren an Amerika Kürbisse genotzt, wéi d’Auswanderer déi Traditioun mat an déi nei Welt geholl hunn. Säit zu Lëtzebuerg manner…
Ganzen ArtikelClibb oder Clubben – oder klibber mech!?
Och haut rëm e puer fussballeresch Auswäertungen, fir den F91 och vu sproochlecher Säit z’ënnerstëtzen. An der 2. Ronn vun eise Schnëssen-Erhiewungen an der App war de Saz ‚Die Fans der zwei Clubs sind aneinander geraten.‘ z’iwwersetzen a mir gräifen eis haut de ‚Club‘ an d“Fannen‘ eraus. Am Ganzen hu mer d’Iwwersetzunge vu méi wéi 600…
Ganzen ArtikelSchnëssen-Workshop – Sproochfuerscher*in fir een Dag
Dir hutt Iech schonn ëmmer gefrot, wat mir mat all den Opnamen aus der Schnëssen-App maachen a wéi déi flott Grafiken a Kaarten entstinn? Dir hutt Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch a wëllt selwer fir een Dag mat eis als Sproochfuerscher aktiv ginn? Dofir invitéiere mir fir de 16. November (9h-17h) interesséiert Leit…
Ganzen Artikel