Serge Tonnar & Legotrip. Culottéiert Emotioun. Vum David Wolff
Seelen huet een den Inouï zu Réiden sou strubbelvoll gesinn. Wat meeschtens just e puer internationale Gréissten aus der akustescher Jazzzeen geléngt, bréngt awer och ee Mann aus dem Ländche fäerdeg, deem säin Numm kengem méi ee Geheimnis ass : de Serge Tonnar. Dee mëttlerweil radiotaugleche Museker a vollberuffleche Provokateur huet dem Réidener Publikum während dräi Owender säi leschten CD Klasseklon an akustescher Versioun virgestallt.
Ganzen Artikel