Emfro zur Lëtzebuerger Futtballsprooch

D’EM ass zwar ofgesot an déi national Ligae leien op Äis. Dat hält eis awer net dovunner of, eis mat dem Kinnekssport ze beschäftegen. De Linguist Dr. François Conrad intresséiert sech an enger aktueller Etüd speziell fir d’Sprooch vum Futtball zu Lëtzebuerg. Är Hëllef ass gefrot! Och wann Dir selwer kee Futtball kuckt oder spillt,…

Ganzen Artikel

Ëmfro iwwer Voice AI zu Lëtzebuerg

Heimat wëll ech op eng aktuell Ëmfro hiweisen, an där et ëm d’Voice AI geet, also automatesch Sproochsteierung. D’Ëmfro ass Deel vun der Ofschlossaarbecht enger Studentin vun der Salford University, Manchester an ass iwwert dëse Link ze erreechen: https://www.surveymonkey.com/r/QPF22TZ Maacht wgl. all mat, wann Der Zäit a Loscht hutt. — Weider Infoen: Dear Participant, Voice…

Ganzen Artikel

Spidol oder Klinick? Eng Auswäertung als symbolesche Merci un all d’Klinicken a d’Spideeler.

Natierlech kënne mir Sproochwëssenschaftler.innen eis net wéi aner Disziplinnen de Moment direkt am Kader vun der sanitärer Kris engagéieren. Wat mer awer maache kënnen, ass de Sproochgebrauch resp. d’Discoursen an dëser Zäit analyséieren oder eis mat bestëmmte Wierder beschäftegen, déi an Zäite wéi dëse méi dacks gebraucht ginn, a mat der Presentatioun vun eise Resultater…

Ganzen Artikel

Colloque vun der Luxemburgistik – Summer 2020

Och dëst Semester hu mer an eisem Colloque vun der Luxemburgistik nees en ofwiesslungsräichen a flotte Programm zesummegestallt. Dir interesséiert Iech fir d’Literatur zu Lëtzbuerg/op Lëtzebuergesch, d’Letzebuerger Sprooch resp. d’Sproochen zu Lëtzebuerg? Da kommt bei eis op d’Universitéit um Belval laanscht! Rendez-vous ass (meeschtens) méindes um 16:00 an der Maison des Sciences Humaines um 2.…

Ganzen Artikel

Den „Toilettëpabeier“ a seng Varianten

Bei eiser leschter Facebook-Ofstëmmung, bei där mir vun Iech wësse wollten, wéi ee Resultat mir Iech als nächst sollte weisen, huet sech den Toilettëpabeier géint de Fernsee duerchgesat. Dofir dann elo hei dat, wat mer iwwert den Toilettëpabeier mathëllef vun engem Bild an eiser Schnëssen-App erausfonnt hunn: Am Ganzen hu mir fir dës Auswäertung 1363…

Ganzen Artikel

Et läit Léift an der Loft

Haut um 14. Februar ass et erëm souwäit: mir feieren den Dag vun de Verléiften – Jour de la Saint-Valentin op Franséisch, Valentinstag op Däitsch, Valentine’s Day op Englesch oder einfach Día de los Enamorados op Spuenesch. Wéi een duerch des Opzielung gesäit, schéngt et op den éischte Bléck zwou Kategorië vu Bezeechnungen an den…

Ganzen Artikel

Wéinst der grousser Nofro: Zweete Workshop iwwert déi lëtzebuergesch Orthografie

Wéinst der grousser Nofro, organiséiert d’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft an Zesummenaarbecht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch en zweete Workshop iwwert déi aktualiséiert Orthografie. Wéini? De 07.02.2020 vu 14:00 – 17:00 Auer Wou? Maison du Savoir um Belval Fir wien? Fir all Ancien.nen, deen/déi am Kader vun der Formation continue oder dem Master Lëtzebuergesch…

Ganzen Artikel