0
0

Zu Letzebuerg sollen emmerhinn nach 1200 Judde wunnen an am eenzege Land an Europa sollen haut méi Judden hei wunnen wéi virum 2. Weltkrich – op mannst, wann een denen Informatiounen traut, déi een op Wikipedia fennt. Lo ass et awer esou, dass d Judden jo net alleguerte Jiddisch geschwat hunn, mee just déi aschkenasesch Judden, déi op däitschem Terrain gelieft hunn an dono an den Osten – virun allem a Polen ausgewandert sinn. Mee vläicht ginn et jo Judden, déi net ausgewandert sinn an hei am Land bliwwe sinn oder déi spéider aus Polen erem zréck heihi gewandert sinn. Et wär secher interessant, ze wessen, ob et nach Famille ginn, déi un hierer traditioneller Sprooch festgehalen hunn no all dene Joeren a wa jo, ob sech déi Jiddesch Sprooch hei op irgendeng Art a Weis anescht entwéckelt huet, wéi an anere Länner. Vläicht hu jo zB e puer letzebuergesch Ausdréck hiere Wee an dat heitegt Jiddesch fonnt?

0
0

Leider ass eis näischt dozou bekannt, awer mir kucken, nach weider Informatiounen ze fannen.

Wat den ëmgedréinten Afloss ugeet, also vum Jiddischen op d’Lëtzebuergescht, do kann een op de forums-Artikel Gedibbers, kapores, Schlamassel – Das Jiddische im Luxemburgischen vum Ane Kleine hiweisen (forum September 321, 2012).

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.