Ech interesséiere mech fir d’lëtzebuergesch Sprooch, a stelle mir ëmmer Froen iwwert hire Gebrauch.
Et heescht am Däitschen: Das Hilfsverb „sein“ benutzt man, wenn das Verb:
- Bewegung des Subjekts von A nach B: „kommen“, „gehen“, „laufen“, „springen“, „ziehen“ ausdrückt (http://deutsch.info/de/grammar/perfekt#sthash.Bk80ydBI.dpuf)
Dat gëllt jo och am Lëtzebuergeschen. Awer firwat heescht et dann Ech hu mech gestallt, gesat, …, wou do och « Bewegung vum Subjekt » ausgedréckt gëtt?
- Madert asked 9 Jahren ago
- last edited 9 Jahren ago
Moien,
Dir hutt Recht, dass am Lëtzebuergeschen de Choix vum Hëllefsverb fir de Perfekt (Passé composé) mam Däitsche vergläichbar ass. Och dat mat de Beweegungsverben ass richteg, an deem Sënn, dass hei meeschtens „sinn“ geholl gëtt.
Eng weider Reegel seet allerdéngs, dass déi sou genannte reflexiv Verben (déi am Infinitiv „sech“ kréien) ëmmer mat „hunn“ benotzt ginn, onofhängeg dovunner, ob se eng Beweegung ausdrécken oder net (dat ass och am Däitschen esou). Dorënner falen dann och déi Verben, déi Dir genannt hutt.
- Caroline Döhmer answered 9 Jahren ago
- last edited 9 Jahren ago
Please login first to submit.

