Wéi vill kascht dat … oder wat kascht dat?
Am Léierbuch “Schwätzt Dir Lëtzebuergesch” gëtt am Kapitel 5 ëmmer gefrot, “WÉI VILL” kascht dat. Et schéint mir awer esou ze sinn, datt een d’Fro esou gestallt ëmmer manner héiert a se duerch déi méi geleefeg Form “WAT” kascht et ersat gëtt. Kënnt Dir mir dës Entwécklung bestätegen?
- BOLY Chantal asked 9 Jahren ago
- last edited 9 Jahren ago
Déi Fro mam Kaschten ass effektiv e klenge Spezialfall. Am Fong sinn d’Beräicher vun de Frowierder „wat“ a „wéi vill“ kloer gereegelt:
Bei „wat“ freet een no enger allgemenger Informatioun. D’Äntwert liwwert dann Detailer doriwwer, wat „wat“ am Fong bedeit.
- Wat hätt Der gär? e Pak Botter / Brout / Bicker
- Wat hues de gëschter geléiert? Vokabelen / den Opbau vum Sonnesystem
Bei „wéi vill“ gëtt am Prinzip no enger Unzuel gefrot, d.h. et ass am Gespréichskontext scho kloer, vu wéi engem Objet dass ee schwätzt. D’Äntwert, déi erwaart gëtt, ass deemno meeschtens eng Zuel an/oder eng Moosseenheet. Hei huet een et also mat enger méi spezifescher Informatioun ze dinn.
- Wéi vill hätt Der gär? 3 Stéck / en halleft Pond / e Rouden an e Schwaarzen
- Wéi vill hues de gëschter geléiert? dräi Stonnen / 35 Säiten
Bei de Sue lafen dës Informatiounen e bëssen iwwerteneen, d.h. mam Verb „kaschten“ gëtt jo schonn iergendwéi gesot, dass et sech ëm Suen handelt.
Wéi Dir scho richteg gesot hutt, kann ee bei „kaschten“ béid Froenelementer huelen, fir déi selwecht Äntwert ze kréien.
- Wat kascht eng Baguette? Wéi vill kascht eng Baguette? 80 Cent.
Effektiv fanne mer am Lëtzebuergesche méi eng staark Tendenz fir „wat kascht…“. Am Verglach hunn ech an eisem Textkorpus 210mol „wat kascht…“ fonnt, par Rapport zu 81 Sätz mat „wéi vill kascht…“.
- Caroline Döhmer answered 9 Jahren ago
Please login first to submit.

