0
0

Ech hunn eng technesch Fro iwwert d’Wochendeeg: Méindeg, Dënschdeg an esou weider gëtt jo ëmmer grouss geschriwwen. Wann ech awer schreiwen: Dënschdes bis Sonndes op … ginn do d’Wochendeeg grouss oder kleng (wéi op däitsch) geschriwwen?

 

 

 

 

0
0

Wéi Dir richteg umierkt gi Wochendeeg als Substantiv groussgeschriwwen. Bei de Wierder „samschdes“ a „sonndes“ (wat souvill heescht wéi all Samschdeg resp. all Sonndeg) handelt et sech allerdéngs ëm Adverben, déi souwuel am Däitsche wéi och am Lëtzebuergesche klenggeschriwwe ginn.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.