Programm vum Colloque vun der Luxemburgistik am Summersemester 2019
Och dëst Semester organiséiert d’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft erëm en interne Colloque. Theme reechen dës Kéier vum Lëtzebuergeschen iwwert d’éisträichescht Däitsch bis hin zur Gebäerdesprooch an der Sproochepolitik zu Lëtzebuerg. Natierlech ass jiddereen häerzlech wëllkomm.