Buer[ʑ]ermee[ʃ]tesch oder Buer[j]ermee[s]terin?

Op dësem 3. Adventsweekend kucke mer eis erëm e ganz spezifescht Substantiv un a beliichten dëst aus ënnerschiddleche Perspektiven. An der App war follgende Saz ze iwwersetzen: Samedi, la bourgemestre a tenu un discours. An dësem Saz sinn natierlech erëm ganz vill Wierder immens spannend. Sot Dir Sam[ʃ]deg oder Sam[s]den, gehal oder gehalen, Buer[ʑ]ermee[ʃ]tesch oder Buer[j]ermee[s]terin? A jo, dir kënnt iech natierlech denken, wat mer eis haut…

Ganzen Artikel

„E Kiwwi“ oder „eng Kiwi“? Variatioun vun der Aussprooch an dem Genus.

Op dësem zweeten Adventsweekend beschäftege mir eis mat eppes ganz Exoteschem – nämlech der Kiwifruucht. Firwat dat? Kiwie si bekannt dofir, extreem vill Vitaminn C z’enthalen an dowéinst ganz gutt gëeegent, eist Immunsystem an dësem kale Wantermount op Trapp ze halen. Mir hunn eis gefrot, wéi eng Variant favoriséiert gëtt, fir déi gréng Fruucht mat pelzeg bronger Schuel ze beschreiwen: Kiwi…

Ganzen Artikel

Schnurres, Schnauz a Moustache

Owes gëtt et ëmmer méi fréi däischter, moies ëmmer méi spéit hell an dobausse gëtt et och nach ëmmer méi kal. De Kleeschen a Chrëschtdag stinn och geschwënn nees virun der Dier. Ier den Niklos an d’Chrëschtkëndchen hir Kaddoe verdeelen, kritt Dir wärend der Adventszäit awer nach eng kleng Opmierksamkeet vun eis: All Adventsweekend wäerte…

Ganzen Artikel

Et ass erëm souwäit: Colloque vun der Luxemburgistik

Och an dësem Semester fënnt eise Colloque vun der Luxemburgistik erëm mat interessante Bäiträg statt. Dës Kéier beweege mer eis vum geschriwwene Lëtzebuergesch an den digitale Medien, iwwer Sproochepolitik zu Lëtzebuerg an de fiktive Konfiguratioune vum Literaturbetrib an der Literatur bis hin zur Visibilitéit vu Fraen an de Stroossennimm vum Grand-Duché. Wéi och d’lescht Semester…

Ganzen Artikel

Haalt Är Daumen an Domme gedréckt!

Dréckt Dir d’Daumen oder dréckt Dir d’Dommen? Am Kader vun der Datenerhiewung mat der Schnëssen-App wollte mir vun de Participante.ën wëssen, wéi si den éischten, stäerksten a kierzte vun de fënnef Fanger nennen. An de 487 Opnamen, déi mir bei deem Item ausgewäert hunn, huet sech eng Variant besonnesch duerchgesat. Am heefegste gouf mat 60%…

Ganzen Artikel

De Partizip Perfekt vun “ufänken”

Haut beschäftege mer eis mam Partizip Perfekt vun ufänken, woubäi mer eis dëst Verb souwuel am Bezuch op seng regional Verdeelung wéi och am Bezuch op seng Flektiounsendung ukucken.  Beim Item, deen dëser Auswäertung zu Grond läit, handelt et sech ëm eng Iwwersetzungsaufgab: “Letze Nacht hat es angefangen zu schneien.” Mir wollten deemno wëssen, wéi…

Ganzen Artikel

Chicon, Chicorée, Schickeri an Andéiwen – eng komplizéiert Geschicht

Haut steet nees e lackelegt Geméis um Programm: De Chicon. Oder sot Dir éischter Chicorée, Schick(e/o)ri oder Andéiv? Fir erauszefannen, wéi dacks déi ënnerschiddlech Variante virkommen an och wien dës benotzt, hu mer eis insgesamt 445 Opnamen ugelauschtert, bei deenen d’Participante.ë matdeele sollten, wat se op engem Bild erkennen. Wéi déi allgemeng Verdeelung vun de…

Ganzen Artikel