0
0

Wat soll ee gebrauchen an der Schoul? Aufgaben oder Opgaben? D‘ Verb heescht jo „eppes opginn fir d’nächst Woch“…

0
0

Dat ass eng gutt Fro, wou d’Äntwert net evident ass. Et hänkt ganz dovunner of, wat een domadder wëll erreechen:

„Aufgaben“ ass klassesch e geléintent Wuert aus dem Däitschen, dat net vill un d’Lëtzebuergescht ugepasst gouf (well dt. „auf“ wier jo lëtz. „op“) – nëmmen den leschten <e> ass ausgefall. Virdeel bei dem Wuert ass: et ass gutt etabléiert.

Den LWB seet dozou: „Aufgab F.: «Schulaufgabe», in hd. Form, aus der Schülersprache eingebürgert.“ http://engelmann.uni.lu:8080/portal/WBB2009/LWB/wbgui_py?mainmode=&lemid=&prefix=a&mode=&openwb=1
Dës „Schülersprache“ war traditionell däitsch gepräägt, duerfir benotzt een am Lëtzebuergeschen och z.B aner aus dem Däitschen geléint Wierder wéi. „Schüler“ an „Herr Lehrer“.

„Opgaben“ dogéint ass net etabléiert an och net an den Dictionnairen ze fannen. An eisem Korpus kënnt et nëmmen 3x vir. Virdeel hei: Et huet eng lëtzebuergesch Form – et ass eng sougenannten „Lehnprägung“, also eng ongeféier, mee onvollstänneg Iwwersetzung („auf“ ass iwwersat, mee „gab[en]“ net).

Dowéinst géif ech perséinlech d’Variant „Aufgaben“ wielen, et sief dann, et wéilt een en neit Wuert etabléieren.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.