0 votes
2k views
Mir hunn eis haut gefrot wéi dat lëtzebuerger Wuert fir Knochen/os/bone entstan ass, wou dat hier kënnt, well mer a kenger Sprooch eppes Ähnleches fonnt hunn. Wësst dir do méi?
  • Claude Schmit asked 5 Jahren ago
  • last active 5 Jahren ago
0 votes
3k views
Ech (aus dem Westen) héiren emmer rëm Leit dei eischter aus dem Süde kommen „an der Buedzëmmer“ soën, mir krausle sëch dobäi d’Zéiwenneel well: am Zëmmer, am Streckzëmmer, am Spillzëmmer, am Wäschzëmmer, am Buedzëmmer. Ech gin dovun aus dass et vun „dans la salle de bain“ hier kënnt, wier drun interesséiert ze gesin wei sech de Gebrauch dovun am Ländchen opdeelt.
  • Andy asked 6 Jahren ago
  • last active 6 Jahren ago
0 votes
0 answers
3k views
Heimat wollt ech froen, op Dir eis kënnt soen wou folgend Spréch hierkommen: E Briet virum Kapp Moies fréi um Dill sinn Wéi een an de Bësch rifft, esou schaalt et zeréck Loosse mer Holz upaken En Hobichekapp Merci fir d’Hëllef.    
  • Gérard Zimmer asked 6 Jahren ago
  • last active 6 Jahren ago
0 votes
0 answers
2k views
Fir Däitschsproocheger kann eng exakt Maîtrise vum Lëtzebuergeschen eng zimlech (a ganz eegen) Erausfuerderung sinn! Aus dësem Grond wollt ech wëssen, ob dir eng Duerstellung vun den typeschste Lautverschiebungen tëschent dem Lëtzebuergeschen an dem Houdäitsche gi kënnt. Esou eng Sammlung vu Lautverschiebungsgesetzer wier fir däitschsproocheg Spriecher sécherlech och en nëtzlecht heurist[…]
  • Ashwin Jean Schumann asked 6 Jahren ago
  • last active 6 Jahren ago
0 votes
3k views
Et gëtt Hausnimm déi op Lëtzebuergesch sinn an déi sécherlech eng déiwer Bedeitung hunn. Des Fro bezeit sech op den Hausnumm ‘Eimjes’. Et ass een Numm deen sech op Hausnimm an zwee verschiddenen Dierfer bezeit, also do verwennt guewen. Wat ass d‘Bedeitung vun dësem Hausnimm. Mat enger sozialer Herkunft, engem Beruff, enger Bewertung? Steet en an Zesummenhang mat dem Wuert ‘eimeg / eimech[…]
  • Marc ZEIMET asked 6 Jahren ago
  • last active 6 Jahren ago
0 votes
3k views
Vill Apprenantë fannen deen Ausdrock sonnerbar – mierken e sech awer aus deem Grond ganz gutt: Mee vu wou kënnt eigentlech eisen Ausdrock „Kaffi (drénken)“, dee jo beispillsweis am Däitschen, ënnert engem ganz anere Wuert, als „Frühstück“/“frühstücken“ bekannt ass? Zanter wéini ass deen Ausdrock zu Lëtzebuerg beluecht? Gëtt et Analoges an enger a[…]
  • Ashwin Jean Schumann asked 7 Jahren ago
  • last active 7 Jahren ago
0 votes
3k views
Als Kand hu mär vun eisem Nonno eng Tut mat Klöppecher / Kamellen kritt. Gëtt et dat Wuert iwwerhaapt (nach) ?
  • Antoinette Terzer asked 7 Jahren ago
  • last active 7 Jahren ago
0 votes
3k views
Well ech mech fir Päiperleken interesséieren, ass et mer opgefall, dass ech keen eenzege Päiperlek kéint op Lëtzebuergesch bezeechnen. Gëtt et keng lëtzebuergesch Nimm fir Päiperleken, hunn ech mech scho gefrot. Ech hunn e Buch „Luxemburger Pflanzennamen“, zesummegestallt vum Henri Klees (Institut Grand-Ducal). Eppes ähnleches wäert et wull net fir Päiperleke ginn. Vläicht kë[…]
  • Roger Engel asked 7 Jahren ago
  • last active 7 Jahren ago
0 votes
3k views
Kënnt „w.e.g.“ vun „wenn es Euch beliebt“? A wa jo, kënnt Dir mir soen, wéi sech deen Ausdrock sproochlech entwéckelt huet? Oder huet „ech“ aus „wann ech gelift“ tatsächlech d’Bedeitung vun „ech“?
  • Wirth-Majerus Annette asked 7 Jahren ago
  • last active 7 Jahren ago
0 votes
3k views
Moien, mir sin ob der Sich nom Ursprung vum Molbam. Dat si Grenzbeem fir land- oder forstwirtschaftlech Parzellen ofzegrenzen, dei ganz oft e puer honnert Joer al kënnen ginn. Je nodeem gi se Grenzbam, Molbam oder och Kuescht genannt. Mir huelen un, dass et eppes mat „ob Hol a Mol“ ze dinn huet, mee wouhir deen Ausdrock kënnt, wësse mer och net.
  • Lëtzebuerger Privatbësch asked 8 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
Showing 1 - 10 of 26 results