0
0

Wéi ass d’Geschlecht vun de Lännernimm, wa keen Artikel virdru steet w.e.g.?

d’Belsch , f.

de Congo , m.

mee Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, sächlech ?

  • Gaby Reinesch-Heuertz asked 6 Jahren ago
  • last edited 6 Jahren ago
0
0

Generell ass et esou, datt de Genus bei Lännernimm net markéiert gëtt.

Bsp: Lëtzebuerg läit an Europa.

Wann e Genus markéiert gëtt, ass dat an der Reegel den neutralen.

Bsp: Dat klengt Lëtzebuerg.

Hei ginn et awer eng Rei Ausnamen an dat sinn all déi Lännernimm, déi a Begleedung vun engem Artikel opdauchen. Dozou gehéieren och déi Lännernimm, déi Dir ugemierkt hutt: d’Belsch (w.) an de Kongo (m.). Aner Beispiller wieren och nach: de Vatikan (m.), d’Schwäiz (w.), de Senegal (m.) oder d’Republik Kongo (w.) asw. Da ginn et schliisslech och nach Lännernimm, déi ëmmer vun engem Artikel am Pluriel begleet ginn, wéi z.B. d’Malediven.

 

Also: Lännernimm ouni Artikel hunn neutrale Genus, dee gëtt awer nëmme seele markéiert. Ausname sinn all déi Lännernimm, déi a Begleedung vun engem Artikel virkommen.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.