Moien,
bei der Korrektur vun engem (literareschen) Text sinn ech op d’Wuert „Këssercher“ gefall. Dat sollt de Plural vum Diminutiv fir „Këssen“ sinn. En anere Korrektor huet awer „Këssemcher“ draus gemaach mam Argument, „Këssercher“ wiere kleng Kussen an net Këssen. „Këssercher“ huet mech och iergendwéi gestéiert, „Këssemcher“ awer nach méi. Well et dréngend war, hun ech beim LOD nogefrot, déi mech op en Artikel am LW verwisen hunn, wou een déi 2 fënnt, allerdéngs net mat der direkter Bedeitung vun „klengem Këssen“. Hirer Meenung no läit d’Problematik un der Endung -en beim Wuert, si hunn an hirem Korpus just 2 Diminutivforme vu Wierder op -en fonnt, an zwar „Bidden“ an „Siwen“ . Den Diminutiv gëtt jo allgemeng duerch de Suffix -chen gebilt, dacks och mat engem Vokalchangement, de Pluriel dann op -ercher. Bei Wierder, déi op -ch oder -sch enden, ass dat net de Fall, do bilt een den Diminutiv mat -elchen (Kuch/ Kichelchen, Buch/Bichelchen, Dësch/Dëschelchen, …). Ech froe mech, ob een dat hei bei „Këssen“ net och kéint maachen: Këssen-Kësselchen-pl.Kësselcher? Mir falen awer och lo keng aner Wierder op -en an, wou een dat kéint nopréiwen.
Merci fir äre Feedback
Jackie
- Jackie Messerich asked 10 Jahren ago
- last edited 10 Jahren ago
Villmools Merci fir d’Fro – d’Diminutiver sinn effektiv heiansdo eng gelunge Saach.
Fir d’Äntwert e bësse méi iwwersichtlech opzebauen, deelen ech d’Fro an dräi méi kleng Froen an.
- Wéi kënnt den <m> an den Diminutiv Këssemcher?
- Wéi bilt een den Diminutiv normalerweis bei Wierder, déi mat –en ophalen?
- Kann ee mat dem Suffix ‑elchen en Diminutiv zu Këssen bilden?
- Wéi kënnt den <m> an den Diminutiv Këssemcher?
Wann een an den Dictionnairë kuckt, fënnt ee weder am LLU nach am WLM en Hiwäis, wéi den <m> kéint an d’Wuert kommen. Am LWB fënnt ee schonn e bësse méi: Do ass d’Form Këssem als “lokal” markéiert a fir den Diminutiv sinn zwou Variante virginn: eemol Këssemchen an eemol Kësschen (mat verschiddene Bedeitungen).
Och wann dat weist, dass et effektiv eng lokal Variant mat <m> gëtt, beäntwert dat nach net, wou dës Variant hierkënnt. Wann een an den etymologeschen Dictionnairë kuckt, fënnt een, dass d’Wuert Këssen aus dem Franséischen coussin geléint gouf – wat och en <n> um Enn vum Wuert huet a keen <m>.
D’Rätsel ëm de mysteriéisen <m> kann esou séier zwar net geléist ginn – mee et kann ee spekuléieren. Eng méi oder manner plausibel Erklärung wier, dass d’Form analog zu Wierder gebilt gouf, déi en <m> um Enn vum Wuert hunn an och am nämmlechte Kontext vun “Saachen am Haus” optrieden: z.B. Buedem, Biesem oder Fuedem.
Dat heescht, den LWB akzeptéiert d’Bildung:
a) Këssem –> Këssemchen (Sg.) + Këssemcher (Pl.)
- Wéi bilt een den Diminutiv normalerweis bei Wierder, déi mat –en ophalen?
Wa mer lo dovunner ausginn, dass d’Wuert, vun deem den Diminutiv ausgeet, Këssen ass, da passt dësen Diminutiv aus 1. net esou richteg. Wann een den Diminutiv bei Wierder mat der Endung –en bilt, gëtt den ‑en ofgetrennt (an de Vokal verännert), ier de Suffix –chen ugehänkt gëtt:
z.B.
b) Dëppen –> Dëpp- + chen –> Dëppchen (Sg.) + Dëppercher (Pl.)
Uewen –> Ief– + chen –> Iefchen (Sg.) + Iewercher (Pl.)
Fonken –> Fénk– + chen –> Fénkchen (Sg.) + Fénkercher (Pl.)
Do géif d’Wuert Këssen am Fong och gutt erapassen:
c) Këssen –> Këss– + chen –> Kësschen (Sg.) + Këssercher (Pl.)
Dat eenzegt, wat vläicht kéint géint d’Form Kësschen schwätzt, ass, dass den Dimimutiv och un dee vun Kuss erënnert — mee dat ass wahrscheinlech kee grousse Problem, aus dem Kontext gëtt d’Bedeitung meeschtens kloer.
- Kann ee mat der Endung ‑elchen en Diminutiv zu Këssen bilden?
Am Fong ass Är Erklärung, wéini een de Suffix ‑elchen benotzt, scho genee richteg sou – nëmmen nach eng kleng Ergänzung: Wierder op –sch an –ch erfuerderen op alle Fall de Suffix ‑elchen
d) Fëschelchen, Bichelchen
Ausserdeem kënnt ‑elchen och deelweis no –k an –ng
e) Stéck(el)chen, Jéng(el)chen.
Wann ee bei Këssen lo also den –en ewechhëlt, bleift den Deel Këss– iwwereg, wou dann –ss d’Enn vum Wuert ass. Wierder, déi mat dem Laut –s/-ss ophalen, léisen der Reegel no kee Suffix ‑elchen aus, mee do benotzt een éischter de Suffix ‑chen
f) Haischen, Nësschen an net *Haiselchen, *Nësselchen.
Wat een awer muss nach dozou soen: Meng Etüd iwwert d’Diminutiver am Lëtzebuergesche weist, dass dës Reegelen net méi ganz sou strikt sinn, wéi se et emol waren: Ganz dacks benotze Participanten, déi mäi Questionnaire ausgefëllt hunn, den –elchen och bei Wierder, wou “der Reegel no” keen ze erwaarde wier… duerfir, wann ee ganz progressiv ass, kéint een och mat
g) Këssen –> Kësselchen (Sg.) + Kësselcher (Pl.)
eens ginn.
- Maike Edelhoff answered 10 Jahren ago
- last edited 10 Jahren ago
Please login first to submit.

