Dacks liest / héiert een e Saz wéi z. B. : „Et ginn zu Lëtzebuerg verschidde Reegelen….“. Ech froe mech ob den „et ginn“ richteg ass, oder ob et net awer „et gëtt“ misst sinn. Am Däitsche seet ee jo och net „es geben verschiedene Regeln…“
(Hei e puer Beispiller vun rtl.lu (all vum : Abee et ginn eng Rei Methode fir richteg ze léieren / Et ginn awer och Déiere wou d’Populatioun erëm um wuessen ass / Et gi Beruffer, déi méi op d’Gesondheet kënne schloen, wéi anerer. / Mee et ginn awer och Kazen déi ganz gären an der Léngt ginn).
- Gilles PETERS asked 5 Jahren ago
- last edited 5 Jahren ago
Wéi Dir richteg observéiert hutt, gëtt et bei ginn als Existenzverb Variatioun am Lëtzebuergeschen. Dës Konstruktioun ass nach net wierklech erfuerscht, allerdéngs si mir hir och an eiser Schnëssen-App op de Grond gaangen. Wéi d‘Auswäertung weist, kënnt bei dësem Beispill et ginn (Leit) souguer méi heefeg vir wéi et gëtt (Leit), woubäi et ginn (Leit) vu jonke Spriecher.inne méi dacks benotzt gëtt wéi vun eeleren. Dës apparent-time Analys kann als en Hiweis op Sproochwandel interpretéiert ginn, allerdéngs sinn hei nach weider Analysen néideg, fir dëst ze klären.
Generell schéngt et bei der Konstruktioun esou ze sinn, datt d’Verb ginn entweeder mam onperséinleche Sujet (Et [3.PS] gëtt [3. PS] zu Lëtzebuerg verschidde Reegelen) oder mam zweete Komplement (Et ginn [3. PPl] zu Lëtzebuergesch verschidde Reegelen [3. PPl]) numeruskongruent ass. Dëst kéint mat der Grammatikaliséierung vum Verb ginn zesummenhänken. Ginn ass am Lëtzebuergeschen immens staark grammatikaliséiert, d.h. et iwwerhëllt vill Funtkiounen an der Grammaire. Sou gëtt dëst Verb am Lëtzebuergeschen och als Konjunktiv- a Passivauxiliar benotzt. Wéi schonn ugemierkt, ass hei weider Fuerschung néideg. Iwwregens: och wann déi zweet Konstruktioun am Standarddäitschen ongrammatesch ass, sinn esou Konstruktiounen och vereenzelt am Muselfränkesche beluecht.
Ofschléissend bleift deemno ze soen, datt béid Konstruktiounen am Lëtzebuergeschen immens heefeg sinn, allerdéngs nach weider Analysen néideg sinn, fir méi iwwert dës Konstruktioun gewuer ze ginn. Am Bezuch op d’Korrektheet tendéieren ech dozou ze soen, datt béides richteg ass, ëmmerhi weisen d’Resultater, datt béid Konstruktioune fest am Sproochgebrauch vun de Spriecher.inne verankert sinn.
- Nathalie Entringer answered 5 Jahren ago
Please login first to submit.