0
0

Ech sinn am Dicks sengem „De Wëllefchen an de Fiisschen“ an der Zeil 44 op d’Wuert Firzock gestouss, mat deem ech näischt ufänke kann…

Dû lêft de Fûs unne, gesin

Dem Hûofman op de Firzock hin.

Kënn Dir mir hëllefen a soen, wat dat heescht, resp. wou dat Wuert hierkënnt?

0
0

‚t ass eng schéin Konstruktioun ‚engem op de Virzock lafen‘, vgl. d’LWB:

Virzock M.: 1) «Vorzug» — ech gin deem Mëttel de V. — dafür meist: Präferenz F.; 2) «Vorsprung» in der Ra.: ech gin (kommen) em op de V. (ich warte ihn ab, lauere ihn auf) — en as mer op de V. komm, e war iis op der Virzock gaang (ist mir zuvorgekommen).

Am Rénert liest een och z.B.:

Ech louf em op de Virzock
A fond e bei der Sauer

An der eelerer Literatur gëtt dacks <f> mat <v> verwiesselt; kuckt dofir och mäi Blogbäidrag hei. Beim Dicks steet den <f> generell fir de Laut [f] (z.B. filêicht), wärend de <w> fir de stëmmhafte [v] steet.

Eng schéin Opnam vum De Wëllechen an de Fiischen vum Leon Moulin fënnt sech iwwerigens hei.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.