0
0

Moien, ech hunn eng Fro zum Adjektiv „lieders“, wéi deklinéert een dat richteg? Am weiblechen kritt et jo keng Endung, also „eng lieders Posch“, mee wéi ass et am männlechen an am sächleche Fall. Ech hunn dat néierens fonnt. Fir richteg misst et jo heeschen, “ e liedersse Fotell“ an e „liederst Bett“. Mee, dat hunn ech net fonnt, just “ e liedere Canapé“, mee wou ass dann do den „s“ bliwwen. Ech perséinlech soen och „e liedersse Canapé“ an net “ e liedere Canapé“.

Showing 0 results
Your Answer

Please first to submit.