Am Sprachgebrauch sie mir jo: d’Anni, d’Orange, d’Madame……ausser ganz do-uewen am Eisléck! Ass dësen „d“ neierdéngs generell am Schrëftlechen ofgeschaf oder net?
- Arlette Schroeder asked 10 Jahren ago
- last edited 10 Jahren ago
Am Lëtzebuergesche kréien all Virnimm am Schreiwen an am Schwätzen de bestëmmten Artikel ‚d“ bzw. ‚den‘, do huet sech näischt geännert. Eng Spezialitéit ass natierlech, dass d’weiblech Virnimm den Artikel am Neutrum kréien.
| neutrum | maskulin |
| d’Claudine d’Sarah |
den Armand de Paul |
Beim Schwätze an och beim Schreiwen kann de phonetesch kuerzen Artikel ‚d“ heiansdo verschwannen/assimiléiert ginn, besonnesch dann, wann de Virnumm mat engem ‚d‘, ‚t‘ oder soss engem Verschlosslaut ufänkt:
| orthographesch korrekt | phonetesch assimiléiert |
| d’Danielle > d’Tina > d’Dieren > d’Kanner > |
Danielle Tina Dieren Kanner |
Dës optional Reduktioun betrefft net just Nimm, mee och aner Substantiver. Mee fir d’Orthographie ass ëmmer nëmmen d’Form mat dem ‚d“ korrekt.
Wie méi iwwert d’Phonetik vum ‚d“ wëllt gewuer ginn:
Gilles, P., & Trouvain, J. (2015). Closure durations in stops and grammatical encoding: On definite articles in Luxembourgish. In The Scottish Consortium for ICPhS 2015 (Hrsg.), Proceedings of the 18th International Congress of Phonetic Sciences. Glasgow, UK: the University of Glasgow (S. Paper number 0762). Glasgow: University of Glasgow.
- Peter Gilles answered 10 Jahren ago
- last edited 10 Jahren ago
Please login first to submit.

