Gudde Moien,
Ech sinn am gaangen en Text ze schreiwen, wou ech am Gespréich mat Kollegen op eng Divergenz getraff sinn. Et geet ëm d’Benotzen vu „géif“.
Als Beispill: Ech hu geschriwwen: “ Do sinn also eng Rei Schrauwen un deenen ee kann dréinen, an déi bedingen datt, engersäits, d’Staatskeess entlaascht géif an, anerersäits, déi sozial Responsabilitéit vun de Patronën gefuerdert an d’Solidaritéit ënnert hinnen verstäerkt géif. “
Meng Kollegen sinn der Meenung, datt dat falsch ass an datt ee misst soen: „d’Staatskeess entlaascht géif ginn“ an „verstäerkt géif ginn“.
Um Luxogramm hunn ech d’Äntwert op meng Fro net esou fonnt, datt ech zu 100 Prozent iwwerzeecht wier.
Hätt Dir mir do wëllen weiderhëllefen?
Merci am viraus a bescht Gréiss,
- M.P. asked 10 Jahren ago
- last edited 10 Jahren ago
Re-moien,eng interessant Fro, déi ech mer och scho gestallt hunn – an net ganz einfach ze beäntweren. Am aktuelle Grammairesbuch vum F. Schanen gëtt just déi Form mat ginn. Also: … d’Staatskeess géif (oder och géing) entlaascht ginn. Dës Form vun engem Passivsaz gëtt do bëssen ëmständlech als ‚Subjonctif II présent‘ bezeechent (am Däitsche väicht ‚Konjuntiv II‘). Dacks kléngt d’Kombinatioun géif ginn awer bësse bosseg, an d’Leit loossen de ginn dann ewech. D’Funktioun vum ginn ass et jo, d’futuresch Wahrschénglechkeet vum Ereegnes auszedrécken. Vu dass déi jo och schonns am géif enthalen ass, léisst een de ginn dacks ewech.Vu dass d’Form ouni ginn heefeg ass, dowéinst hunn ech se och als Variant an de Luxogramm opgeholl.Fir d’kuerz ze maachen: méi richetg wier géif ginn.
- Peter Gilles answered 10 Jahren ago
- last edited 10 Jahren ago
Please login first to submit.

