Am LOD fënnt een am Moment nach keng Detailer zum Wuert „Groussbritannien“. Wann ee mat „Großbritannien“ sicht, kritt een als Äntwert „England“. Domat ass awer bestëmmt net jiddereen averstanen!
Wéi géift Dir d’Bierger vun deem Land schreiwen: Sinn et Briten? Oder awer Britten? An d’Adjektiv?
- Wirth-Majerus Annette asked 7 Jahren ago
- last edited 7 Jahren ago
D’Schreifweis fir d’Nimm ass generell net einfach. Wann een d’Reegele wëll applizéieren, da misst den <t> verduebelt ginn, wéinst dem kuerze Vokal virdrun – mat der Gefor, dass een eng Persoun vun der Insel mat enger Zopp verwiesselt ;-).
Op der anerer Säit ass d’Schreifweis mat just engem <t> och an anere Sproochen esou ze fannen (engl. Britain, Briton, dt. Brite, it. britanici, frs. Britanniques, russ. Британцы, awer: holl. Britten), a bei där Zort internationaliséiert Wierder ass et sënnvoll, d’Struktur vun der Ausgangssprooch bäizebehalen: Dowéinst géif ech fir d’Schreifweis mat engem <t> plädéieren: Brit, Briten, Groussbritannien.
- Peter Gilles answered 7 Jahren ago
- last edited 7 Jahren ago
Please login first to submit.