0 votes
3k views
Bonjour, wéi schreift ee Maschinn am nächste Saz: Saachen, déi vun der Bitzmaschinn sprangen? oder Saachen, déi vun der Bitzmaschi sprangen?
  • Weiirch Guy asked 6 Jahren ago
  • last active 6 Jahren ago
0 votes
2k views
Firwat kritt d’Adjektiv (tësche-)mënschlech um leschten E keen Accent? Firwat kléngt den E hei net wéi bei „schlecht“? Ass dat villäicht sou, dass et sech em eng Endung handelt, an des eventuell déi wéi d’Pronomen „ech, mech, dech…“ keen Accent kréien? schreiwen.lu konnt mer keng Äntwert liwweren.
  • Jules asked 7 Jahren ago
  • last active 7 Jahren ago
0 votes
2k views
Am LOD fënnt een am Moment nach keng Detailer zum Wuert „Groussbritannien“. Wann ee mat „Großbritannien“ sicht, kritt een als Äntwert „England“. Domat ass awer bestëmmt net jiddereen averstanen! Wéi géift Dir d’Bierger vun deem Land schreiwen: Sinn et Briten? Oder awer Britten? An d’Adjektiv?  
  • Wirth-Majerus Annette asked 7 Jahren ago
  • last active 7 Jahren ago
0 votes
2k views
Jhemp oder Jemp? jiipsen oder jhiipsen? Trapejhang oder Trapejang? Ech duecht, deen „h“ hanner dem „j“ wier ofgeschaaft ginn?
  • Clément Claire asked 8 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
0 votes
2k views
Ech hätt zwou Froen zur Lëtzebuerger Schreifweis a géif mech freeën, wann Dir mir weiderhëllefe kéint: 1) Ass festgeluecht, wéini e Bindestréch am Singulier geschriwwe gëtt? z.B. e Rond-point oder e Rond point? 2) Ass festgeluecht, wéini en „C“ a wéini en „K“ geschriwwe gëtt? LOD: eng Konditioun, mee… eng Confirmatioun, eng Configuratioun Ech soen Iech villm[…]
  • Remy Reichert asked 8 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
0 votes
3k views
  • Hoffmann-Felten Irène asked 9 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
0 votes
2k views
Meng Securité sociale s Kaart?? Wéi schreift een “Securité sociale s Kaaart” richteg, w.e.g.? Kënnt do den „s“ eleng stoen, wéi an de Locutiouen “ob s De, wann s De, …” oder muss en attachéiert ginn (Securité sociales Kaart), mee dann hätte mer eng bosseg franséisch Form, déi géif ausgesinn, wéi wann e Singulier (an dann och nach ouni Accent aigu op der éischter Silb an[…]
  • Chantal Boly asked 8 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
0 votes
2k views
Wéi kann een d’Verb ‚attackéieren‘ trennen?
  • Glodt Tessy asked 8 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
0 votes
3k views
Ech versti leider net, firwat Boykott-Appell oder Kult-Haus mat Bindestréch geschriwwe gëtt.  
  • Strobel M-J asked 8 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
0 votes
4k views
Moien, Ech léiere säit engem Joer Lëtzebuergesch. Am Groussen a Ganze kënn ech d’N-Regel och applizéieren, mee ech verstinn net firwat am Fall vun „wann s du“ den n stoe bleift. Mäi Prof kount mir déi Fro leider net beäntweren. Ass dat eng Ausnam? Merci am Viraus!
  • Iliya Hadzhipetkov asked 8 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
Showing 1 - 10 of 15 results