0
0

Bonjour,

Analog zur Fro: „Gett et de Futur am lëtzebuergeschen?“, ass d´Fro : „Gett et den Imparfait am lëtzebuergeschen?“ och ganz interessant.

Spontan fällt mir den richtegen Imparfait nëmmen fir d´Verben „hun“ a „sin“ an. Dat ass da schon méi wéi beim Futur.

„Ech hat en Hond a menger Kannerzeit!“

„Ech war gudd an der Schoul!“

Den Satz: „Letztes Jahr besuchte ich meine Tante in Amerika.“

kann ech just mam Perfekt op lëtzebuergesch iwwersetzen:

„D´lescht Joer hun ech meng Tata an Amerika besicht.“

Fir den Imparfait ze notzen kann ech liicht ëmwandlen:

„D´lescht Joer war ech bei menger Tata an Amerika.“

Et ass interessant, dass mir déi Formen Imparfait an Futur nët aus den héich entweckelte Sprochen iwwerhol hun.

Den Imparfait ass jo eng „oofgeschlosse Vergaangenheet“, wou de Perfekt eng „Net oofgeschlosse Vergaangenheet“ ass.

Dat ass eng wichteg sproochlech Differenzéierung, déi eng kloer zeitlech uerdnend Fonktion huet.

Interessant ass och ze bemierken, dass am deitschen Sproochgebrauch den Imparfait an de Futur ëmmer manner genotz get, an durch den Perfekt a Präsenz ersaat gett.

Kennt Dir des Usiicht deelen? Hutt Dir nach weider Informatiounen?

Ech soen Iech Merci.

Claude Lamesch

0
0

Dat ass eng ganz gutt Fro – gëtt et iwwerhaapt nach e Präteritum/Imparfait am Lëtzebuergeschen.

Ech beäntweren d’Fro emol sou: méi oder manner. De Präteritum ass am Lëtzebuergeschen insgesamt seelen – mee et gëtt, parallel zum Däitschen en Nord-Süd-Ënnerscheed: am Norde gëtt et nach déi meescht Formen an am Süde ginn se méi a méi vum Perfekt (hunnbesicht, hunngesot) ofgeléist.

Mee fir dout erkläre kann een de Präteritum nach net. Wéi Dir jo och scho sot: et ginn nach e puer Verben, déi nach eng Präteritumsform hunn (z.B. sinnwar, hunnhat, sëtzensouz; fir eng Lëscht kuckt w.e.g. hei). Dës Verben si ganz geleefeg Verben, déi vill benotzt ginn – nëmmen dës héich frequent Verben weisen nach sou eng Form op. Dozou gehéieren iwwerraschenderweis net nëmme sougenannt „staark“ (oder och „onreegelméisseg“) Verben, déi och eng besonnesch Perfektform hunn (z.B. ech sëtzenech souz ech hu gesiess) mee och „schwaach“ (reegelméisseg) Verben (z.B. ech soenech sotech hu gesot).

Déi Formen, déi lo nach am Lëtzebuergeschen iwwereg bliwwe sinn, sinn nach op eng aner Aart a Weis besonnesch: si hu bal alleguer den nämmlechte Vokal, respektiv en Diphthong, –ou– ’souz‘, –ue– ‚bruecht‘ oder –o– ’sot‘. Wann een dat mam Präteritum am Däitsche vergläicht, ass opfälleg, dass dësen „Eenheetsvokal“ am Lëtzebuergeschen eng Vereinfachung ass:

lëtz. souz – dt. saß
lëtz. goung – dt. ging
lëtz. wollt – dt. wollte
lëtz. wousst – dt. wusste

Am Däitsche kann all Vokal virkommen, am Lëtzebuergeschen net méi. Vläicht ass den Eenheetsvokal e Versuch, de Präteritum nach ze „retten“?

Dir schwätzt den Ënnerscheed tëscht der „ofgeschlosse Vergaangenheet“ an der „net ofgeschlosse Vergaangenheet“ un. Dësen Ënnerscheed gouf et tatsächlech um Ufank, wéi sech de Perfekt nieft dem vill méi ale Präteritum entwéckelt huet. Mee vu, dass lo de Perfekt ëmmer méi d’Funktioune vum Präteritum iwwerhëlt, muss ee soen, dass dësen Ënnerscheed am gaang ass fir ze verschwannen – am Däitschen an och am Lëtzebuergeschen.
Wann een z.B. dës Sätz vergläicht, ass d’Fro, ob een iwwerhaapt nach en Ënnerscheed ka gesinn:
1. Gëschter souz ech zwou Stonnen am Zuch fir op Esch.
2. Gëschter hunn ech zwou Stonnen am Zuch fir op Esch gesiess.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.