Jhemp oder Jemp?
jiipsen oder jhiipsen?
Trapejhang oder Trapejang?
Ech duecht, deen „h“ hanner dem „j“ wier ofgeschaaft ginn?
- Clément Claire asked 9 Jahren ago
- last edited 9 Jahren ago
Den <jh> ass an der Orthographie säit 1999 net méi erlaabt, an all Wierder musse zënterhier mat einfachem <j> geschriwwe ginn. Dat betrëfft och all Virnimm, wéi z.B. Jang, Jemp etc.
Hei ass d’Begrënnung aus der Zäit, wéi déi aktuell Normen ausgeschafft gi sinn.
De <j(h)>
Den <h> nom <j> gëtt am Intressi vu méi enger flësseger Schreifweis ofgeschaf. Et gëtt keng Schreifweis (ofgesi vun enger wëssenschaftlecher wéi z.B. dem Internationale Phoneteschen Alphabet – API), déi all Detailer vun der Aussprooch reproduzéiert. Den Ënnerscheed tëschent „donklem“ an „hellem“ <j> ass esou en Detail, deen net onbedéngt an der Schreifweis duergestallt muss ginn. (Quell)
- Peter Gilles answered 9 Jahren ago
Please login first to submit.