0
0

Meng Securité sociale s Kaart??

Wéi schreift een “Securité sociale s Kaaart” richteg, w.e.g.? Kënnt do den „s“ eleng stoen, wéi an de Locutiouen “ob s De, wann s De, …” oder muss en attachéiert ginn (Securité sociales Kaart), mee dann hätte mer eng bosseg franséisch Form, déi géif ausgesinn, wéi wann e Singulier (an dann och nach ouni Accent aigu op der éischter Silb an e Pluriel hannertenee komme géifen). Merci fir Är Äntwert.

0
0

Op déi Zort vu Wierder geet eis Orthographie effektiv net direkt an. Et misst een hei den Ëmwee iwwert de Pluriel vun zesummegesate franséische Wierder goen. Do heescht et:

Bei der Mehrzahl vun zesummegesate franséische Wierder gëtt dat éischt Wuert grouss geschriwwen, d’Wierder ginn, mat Ausnahm vum leschte Wuert, an der franséischer Einzahl geschriwwen, se ginn duerch Trait- d’unione verbonnen, an dat lescht Wuert kritt eng lëtzebuergesch Mehrzahlsendong.

Dobäi gi Beispiller genannt wéi Grande-surfacen, Repas-sur-rouen oder Trait-d’unionen.

Dofir géif ech bei Ärem Wuert vu folgender Schreiwung ausgoen: Securité-sociales-Kaart. Den <s> ass hei e Fouenelement an hänkt sech bei engem Wuert mat Trait d’union un dat Wuert virdrunner un (genee wéi bei Latte-macchiatos-Glas).

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.