Wat sinn effektiv Ënnerscheeder tëschen Tëschefall a Virfall ?
- Briquetier asked 10 Jahren ago
- last edited 10 Jahren ago
D’Grenzen tëscht deenen zwee Begrëffer sinn effektiv net ganz strikt. Am LWB zum Beispill gëtt esouwuel ‚Virfall‚ wéi och ‚Zwëschefall‚ mat ‚Zwischenfall‘ op Däitsch iwwersat (‚zwëschen‘ ass eng Variant vun ‚tëschen‘).
Béid Wierder sti fir eppes, wat op eemol geschitt an negativ Auswierkungen huet. En ‚Virfall‘ ass deemno, wann eppes Negatives op eemol geschitt, wéi en Autosaccident z.B. („en traurege Virfall op der Strooss“). Et schwätzt een am Allgemengen och vun ‚Virfäll‘ (am Pluriel), wann et ëm Kläppereien oder aner negativ Evenementer geet. Sou fënnt ee bei RTL.lu folgend Zeil bei den Evenementer vum 1.1.2016 zu Köln: „D’Politik ass no de Virfäll gréisstendeels entsat.“
Beim Wuert ‚Zwëschefall‘ gëtt et dann nach d’Nuance, dass et onerwaart geschitt am Zesummenhang mat (techneschen) Prozeduren. Dofir dann och de Wuertdeel ‚tëschen/zwëschen‘, well et den erwaarten Oflaf vun enger Saach ënnerbrécht (et ass eben eppes dertëscht komm). E gutt Beispill, fir déi Nuance ze verdäitlechen, sinn ‚Tëschefäll‘ bei Atomanlagen: „Zanter 1987 gouf et zu Kettenuewen e puer honnert Tëschefäll.“ (RTL.lu)
Ech schwätzen hei bewosst vun enger Nuance an der Bedeitung, well sech déi Begrëffer esou nostinn, dass munch Leit se heiansdo synonym asetzen. Am selwechten Artikel op RTL.lu vun der Silvesternuecht zu Köln heescht et weider am Text, dass et och an anere Stied zu ‚Tëschefäll‘ koum.
- Caroline Döhmer answered 10 Jahren ago
- last edited 10 Jahren ago
Please login first to submit.

