Firwat kritt d’Adjektiv (tësche-)mënschlech um leschten E keen Accent?
Firwat kléngt den E hei net wéi bei „schlecht“?
Ass dat villäicht sou, dass et sech em eng Endung handelt, an des eventuell déi wéi d’Pronomen „ech, mech, dech…“ keen Accent kréien?
schreiwen.lu konnt mer keng Äntwert liwweren.
- Jules asked 7 Jahren ago
- last edited 7 Jahren ago
Déi lescht Silb an tëschemënschlech ass effektiv eng Endung, fir aus Substantiver Adjektiver ze derivéieren. Se ass iwwerdeems och onbetount an op onbetounte Silbe ginn (normalerweis) keng Accente gesat. De Vokal ass deeselwechte wéi bei ech, mech, dech an déi Wierder reime se dowéinst mat -mënschlech – an net mat schlecht. Zwar sinn déi kleng Pronomen net onbetount, mee vu dass se sou heefeg gebraucht ginn, huet een decidéiert, se méiglechst einfach, also ouni Accenten ze schreiwen.
- Peter Gilles answered 7 Jahren ago
Please login first to submit.