Et hunn mech schon e puer Leit gefrot, wéisou ech beim Verb kréien (bekommen) an der 2. Persoun Pluriel dir kréit a kréit dir soen, an net dir krit. Ech weess, et net. Ass dat eng alternativ Conjugaisoun oder hunn ech mir eppes Falsches ugewinnt?
- Laschette-Lefèvre Adeline asked 9 Jahren ago
- last edited 9 Jahren ago
Am Zentralëtzebuergeschen (Stad a grouss Deeler vum Zentrum vum Land) huet sech fir déi 2. Persoun Plural vum Verb kréien d’Form (dir) kritt erausgebilt, déi vun der 3. Persoun Singular iwwerholl ginn ass. Dës Form gëtt haut als déi norméiert ugesinn. Ähnlech ass et bei fléien – (dir) flitt.
Wann ee sech den Infinitiv vum Verb ukuckt – kréien -, da läit bei (dir) kritt eng Kierzung vum Diphthong éi > i vir. Den ursprünglechen Diphthong éi fënnt ee regional begrenzt besonnesch am Oste vum Land an plazeweis am Norden, wou een (dir) kréit/fléit seet. Ech huele mol un, dass Dir aus där Regioun kommt an Är lokal Variant schwätzt/schreift.
- Peter Gilles answered 9 Jahren ago
Please login first to submit.

