Wat heescht deen „e(n)“ wa mer soen „e Méindeg, en Dënschdeg“, z.B. bei „E Méindeg gëtt et kal“?
Ass dat quasi e verkierzten „dëse Méindeg“ bei deem mer amplaz „dëse“ nëmmen nach de Schluss, also „e“ soen? Oder kënnt dat vun enger Präpositioun, déi eventuell viru laanger Zäit präsent war, esou wéi am Engleschen „On Monday“ (On Monday it will be cold)?
- Liz Wenger asked 9 Jahren ago
- last edited 9 Jahren ago
De syntakteschen Abau vum Wochendagsnumm ass speziell. Wéi aner Nimm och kréie se den Artikel bäigesat. Méiglecherweis läit hei eng Verkierzung vun enger Prepositionalphras vir:
op den Dënschdeg > den Dënschdeg > en Dënschdeg
Den Akkusativ weist hei op d’Richtung hin, wat ongeféier bei eng Zäitangab passt. D’Prepositioun ass ausgefall an den Artikel bleift just nach iwwereg.
- Peter Gilles answered 8 Jahren ago
De syntakteschen Abau vum Wochendagsnumm ass speziell. Wéi aner Nimm och kréie se den Artikel bäigesat. Méiglecherweis läit hei eng Verkierzung vun enger Prepositionalphras vir:
op den Dënschdeg > den Dënschdeg > en Dënschdeg
Den Akkusativ weist hei op d’Richtung hin, wat ongeféiert bei eng Zäitangab passt. D’Prepositioun ass ausgefall an den Artikel bleift just nach iwwereg.
- Peter Gilles answered 8 Jahren ago
Please login first to submit.

