Moien,
ech ginn dovunner aus, dass déi einfach „Schnéistaang“ heeschen (parallel zum däitschen „Schneestange“, wat awer och net fest etabléiert ass). Ech hu leider keng genee Informatiounen an eise lëtzebuergesche Wierderbicher fonnt. Villäicht hunn déi Leit, déi bei Ponts et Chaussées schaffen, awer e méi speziellen Ausdrock dofir (wien sech auskennt, ka gär e Commentaire hannerloossen).
Am Sproochgebrauch ass et zentral, dass een en Ausdrock esou wielt, dass e vu ville Leit verstan gëtt, entweder duerch Konventioun oder duerch e Wuert, wat sech am Kontext erkläert. Verschidde Begrëffer sinn heiansdo einfach net etabléiert oder se sinn Deel vun engem Fachjargon, deen een net onbedéngt kennt.
Wann een also vun „Schnéistaangen“ (oder „Schnéipéil“ oder „Schnéipottoen“) laanscht d’Strooss schwätzt, erkläre sech d’Begrëffer ganz gutt vum selwen am Kontext, géif ech mengen.
Et ass heiansdo ganz spannend, wéi Sprooche verschidden Expressiounen hunn oder net hunn a wéi sech d’Leit da selwer hëllefen, dat ze soen, wat se ausdrécke wëllen. Esou huet sech am Engleschen zum Beispill dat däitscht Wuert „Zeitgeist“ agebiergert, well ee genee dat soe wollt, wat deen däitschen Ausdrock bedeit. Se hu souguer dat Adjektiv „zeitgeisty“ draus gemaach.
Ech hätt nach eng weider lexikalesch Fro fir d’Lëtzebuergescht mat oppener Äntwert: Wéi heescht déi Plastiksstaang am Supermarché, mat där ee seng Akafssaachen an der Keess trennt?
Akafstrenner? Clientstrenner? Stopper? (och hei kënnt der weider Iddien als Commentaire dobäisetzen)
Am Noutfall hu mer ëmmer nach eist Ersatzwuert „Déngens“ oder „Truc“ oder et baut een en erklärenden Niewesaz an: Gëss du mir mol esou ee Plastiksdéngens fir d’Madamm hannert eis an der Schlaang. Och e Geste géif an dëser Situatioun warscheinlech weiderhëllefen.
- Caroline Döhmer answered 10 Jahren ago
- last edited 10 Jahren ago
- Merci fir d’Anwert. Ech sichen dat Wuert schon lang well ech ee Mol héieren hat an et mer einfach net méi afällt. Dat war awer am Eisleck, vläicht as et lokal am Gebrauch. Ech froen mol puer Bekannter vun P&Ch an der Gemeng.
Please login first to submit.

