De (Net-)Gebrauch vum Artikel virun Nimm bereet munchem Apprenant Kappzerbrieche. Si froe sech: Wisou an engem Fall en Artikel virun Nimm, an (dem) aneren net?
Ech hunn kuerz driwwer nogeduecht an déi heiten Erklärung fir mech fonnt. Mécht déi Sënn?
Expressioun 1:
>_Mäin Numm ass Jos_.
Mir benotze bei Séz vun deser Zort keen Artikel, well dee Saatz ass keng Ausso iwwer de Jos, mä iwwer de Numm „Jos“. Genau geholl misst een also eigentlech mat „Gänseféisercher“ schreiwen:
>_Mäin Numm ass „Jos“._
Natirlech gesäit een déi beim Schwätzen net. An ech huelen un, dat ass engem beim Schwätzen och guer net bewosst.
Selwescht fir Expressioun 2:
> Ech heesche „Jos“. (mat Gänseféisercher)
Meng Explicatioun: De Numm „Jos“ bezeechent net de Jos als Persoun, mä just de Numm selwer, dofir d’Gänseféisercher). Mir benotze sproochlogesch gesin eng „Meta-Sprooch“, well mir iwwer d’Sprooch schwätzen resp. doriwwer wat mir matt hir maachen. (Dat ass bei de Säz uewen net direkt evident, mä eigentlech soe mir eppes ähnleches wéi: „An eiser Sprooch ginn ech mam Numm „Jos“ genannt.“)
D’Ënnerscheedung tëschent dem meta- an dem objekt-sproochleche Niveau ass ménger Usiicht no de Gronn wisou mir den Artikel an quasi all anere Fäll benotzen,
> 1) Ech sinn de Jos. (Dat ass wat ech sinn, ech sinn d’Persoun Jos, ech si jo net mäi Numm)
> 2) De Jos schafft op der Luxlait. (Och hei geet et em déi real Persoun, an desem Fall ass de Jos d’grammatescht Subjekt)
> 3) Ech gesinn de Jos haut net. (Hei geet et och em d’Persoun, grammatikalesch den Objekt vum Saz).
An de genannte Säz gët de Virnumm objekt-sproochlech benotzt, net meta-sproochlech. Mir maache keng Aussoen iwwer de Numm, mä iwwert eng Persoun.
Leien ech richteg?
- Ashwin Schumann asked 8 Jahren ago
- last edited 8 Jahren ago
Please login first to submit.

