0
0

Ech géif gäere wëssen, wou dat Wuert „Akaul“ (nuque, Nacken) hierkënnt.

Villmols Merci fir eng Äntwert, schéi Feierdeeg an all Gutts am Neie Joer.

0
0

En interessant Wuert, dat ech bis elo ëmmer an Zesummenhang mat A(n) gesinn hunn, wat awer falsch ass. Effektiv ass d’Wuert zesummegesat aus anke a Kaul. D’Wuert léisst sech op alhéichdäitsch anka f. ‚Nacken, Genick‘ zeréckféieren, wat erëm méiglecherweis vun engem germanesche Wuert fir ‚béien‘ kënnt. Och den Enkel (< Umlautform vun ankel; vgl. englesch ankle) hänkt direkt domat zesummen.

Am Lëtzebuergeschen huet sech alhéichdäitsch anka zu Ak weiderentwéckelt:

Ak (lok. im Südwesten bisw. Ack) M.: 1) eigtl. «Nacken» — du kriss eng an den Ak — den Ak seet dem Hënner Bejour (beginnende Glatze) — den Äfalt, Dabo huet em an den Ak gebaut — d’Steng an den Ak haen (beim Mähen die Sense zu tief halten); 2) übtr.:«Bergkamm»; Ablt.: Akaul F.: «Genick», eigtl. «Nackengrube», meist anstelle von Ak gebraucht — eng gossen A. (Metallplatte im Hinterkopf); cf. Krazkaul, Nasterkaul; (Kluge:«Anke» = Genick am Mittelrhein u. in Schwaben; mhd. anke, ahd. anka). 

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.