An engem vu menge Lëtzebuergeschcourse koum d’Fro op, vu wou dat Wuert ‚glëschtereg‘ kënnt. Ech hunn dorop selwer keng Äntwert, mee villäicht weess hei ee méi…
- Stephanie Buchler asked 6 Jahren ago
- last active 6 Jahren ago
Meng Duechter huet mech haut gefrot, firwat dat haart Stéck tëscht Nol a Fanger Näidwuerzel heescht. Am LWB hu mir fonnt, datt dat och e Stéck tëscht zwee Grondstécker ka sinn, wat zu Sträit féiere kann. Dat liicht eis an. Mee firwat ‚Näid’wuerzel. Beim Grondstéck ass dat och verständlech, mee beim Fanger…?
- Mireille Garson asked 6 Jahren ago
- last active 6 Jahren ago
An Norddäitschland sin ech gewuer ginn dass hiert ‚Moin‘ vum hollännesche ‚mooi‘ (schéin) oofgeleet as. Ech sinn ëmmer dovun ausgang dass éise ‚Moien‘ vum ‚Gudde Moien‘ kënnt. As dat richtech, oder as eise Grouss och en hollänneschen Afloss?
- Frank Weis asked 8 Jahren ago
- last active 6 Jahren ago
Zesumme mat Frënn hunn ech mir d’Fro gestallt, wou de Numm Kockelscheier hir kënnt. Scheier ass jo kloer, mee wat ass Kockel??? Villmools Merci!
- Michèle Clemang asked 7 Jahren ago
- last active 6 Jahren ago
Vu wou kënnt eigentlech den Ausdrock „ënner aller Klarinett“?
- Urbé Simone asked 7 Jahren ago
- last active 6 Jahren ago
0 votes
0 answers
2k views
„zwaffen“ gëtt gebraucht am Sënn vu knätzelen, eppes onuerdentlech, oder op eng sonnerbar Manéier maachen, vu wou kënnt dat Wuert w.e.g.?
- Cynthia Foetz asked 7 Jahren ago
- last active 7 Jahren ago
Als Kand hu mär vun eisem Nonno eng Tut mat Klöppecher / Kamellen kritt. Gëtt et dat Wuert iwwerhaapt (nach) ?
- Antoinette Terzer asked 7 Jahren ago
- last active 7 Jahren ago
Ech froe mech, wou di Expressioun „domm Toz“ hierkënnt?
- Simone asked 7 Jahren ago
- last active 7 Jahren ago
Well ech mech fir Päiperleken interesséieren, ass et mer opgefall, dass ech keen eenzege Päiperlek kéint op Lëtzebuergesch bezeechnen. Gëtt et keng lëtzebuergesch Nimm fir Päiperleken, hunn ech mech scho gefrot. Ech hunn e Buch „Luxemburger Pflanzennamen“, zesummegestallt vum Henri Klees (Institut Grand-Ducal). Eppes ähnleches wäert et wull net fir Päiperleke ginn. Vläicht kë[…]
- Roger Engel asked 7 Jahren ago
- last active 7 Jahren ago