0
0

Ech géif gäere wëssen, wou dat Wuert „Akaul“ (nuque, Nacken) hierkënnt.

Villmols Merci fir eng Äntwert, schéi Feierdeeg an all Gutts am Neie Joer.

0
0

En interessant Wuert, dat ech bis elo ëmmer an Zesummenhang mat A(n) gesinn hunn, wat awer falsch ass. Effektiv ass d’Wuert zesummegesat aus ankeKaul. D’Wuert léisst sech op alhéichdäitsch anka f. ‚Nacken, Genick‘ zeréckféieren, wat erëm méiglecherweis vun engem germanesche Wuert fir ‚béien‘ kënnt. Och den Enkel (< Umlautform vun ankel; vgl. englesch ankle) hänkt direkt domat zesummen.

Am Lëtzebuergeschen huet sech alhéichdäitsch anka zu Ak weiderentwéckelt:

Ak (lok. im Südwesten bisw. Ack) M.: 1) eigtl. «Nacken» — du kriss eng an den Ak — den Ak seet dem Hënner Bejour (beginnende Glatze) — den Äfalt, Dabo huet em an den Ak gebaut — d’Steng an den Ak haen (beim Mähen die Sense zu tief halten); 2) übtr.:«Bergkamm»; Ablt.: Akaul F.: «Genick», eigtl. «Nackengrube», meist anstelle von Ak gebraucht — eng gossen A. (Metallplatte im Hinterkopf); cf. Krazkaul, Nasterkaul; (Kluge:«Anke» = Genick am Mittelrhein u. in Schwaben; mhd. anke, ahd. anka). 

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.