Eis Schreifweisregele sollen et jo erlabe fir all d’Lëtzebuerger Dialekter domadder richteg auszedrécken.
Dat ass am Prinzip och richteg, mee ech froe mech wéi am Süde gebrauchte speziell Aussprooche vum „o“ (e bëssen nasal) richteg geschriwwe solle ginn, ënner anerem fir Verwiesselungen auszeschléissen:
Wéi hält een d’Fro (Frage) an d’Fro (Frau) auserneen, oder och nach de Mon (Mohn) and de Mon (Mann)?
Am Geschwatenen héiert een en däitlechen Ënnerscheed, mee am Geschriwwene weess ech net wéi ech deen Ënnerscheed an der Aussprooch korrekt erëmgi soll.
- KiL asked 10 Jahren ago
- last edited 10 Jahren ago
Bonjour,
effektiv steet am Mémorial vun 1975 op de leschten zwou Säiten en Abschnitt zu dialektale Formen („Mondaarten“) ënnert der Iwwerschrëft „Sonner Sproochen“. Hei ginn e puer Virschléi zur Verschrëftlechung vun dialektale Variante gemaach. Si gëllen allerdéngs net als Virschrëft, mee éischter als eppes un deem ee sech kann orientéieren. Hei e klengen Ausschnëtt:
Source: http://www.legilux.public.lu/leg/textescoordonnes/compilation/code_administratif/VOL_5/LANGUES.pdf
Et kann ee gutt gesinn, dass dat Ganzt net esou evident ass an dass ee sech mat villen Extrazeeche muss aushëllefen. Lénks steet d’Schreifweis an déi phonetesch Aussprooch fir den dialektale Laut, an der Mëtt d’Schreifweis fir de Standard a riets d’Beispiller an de Raum, an deem d’Wierder optrieden. E Beispill fir de gesichte Laut ass allerdéngs net dobäi.
Am Mémorial vun 1999 ass näischt méi dozou ze fannen. Dat heescht, et geet dorëm, eng Orthographie fir ‚Standardformen‘ ze presentéieren. Sou ähnlech ass et jo och an anere Sproochen, wou et keng Virschrëfte fir dialektal Schreifweise gëtt.
Besonnesch kriddeleg ass dat bëssen Nasaalt an Äre Beispiller. Fir nasal Lauter ass keen Zeechen am Lëtzebuergesche virgesinn, ausser natierlech déi aus dem Franséische geléinten an integréiert Wierder (Vokal + n, wéi z.b. an ‚bon‘ oder ‚Bulletin‘ ). Den Nasalitéitsmarker ass do den n nom Vokal. Just géife mir an net-franséische Wierder dës Buschtawekombinatioun net nasal ausschwätzen (z.b. ‚ongeféier‘ oder ‚Léierin‘). Déi liicht nasaléiert Form, déi Dir uschwätzt, ass dofir immens schwéier erëmzeginn.
En ähnleche Problem kann een zum Beispill am Tréieresche fannen. Do proposéiert d’Trierer Wörterbuch eng Schreiwung fir den oppenen o: „Dieser Laut, der zwischen a und o liegt, kommt sehr häufig in der Trierischen Mundart vor. Hier hat sich die Schreibweise ao durchgesetzt“ (S.17). Als Beispiller gi genannt: Tollpatsch = Taoberd, Abend = Aomend, Schläge = Faoz. Vläicht wier dat och eng Méiglechkeet, de Laut, deen Dir sicht, erëmzeginn, och wann e liicht anescht kléngt wéi deen zu Tréier.
An den Orthographiesregelen ass also net esou direkt virgesinn, méi wéi eng ‚Standardform‘ kënnen erëmzeginn, wat jo och net déi eigentlech Aufgab vun der Rechtschreiwung ass. Bei de Wierder, déi Dir sicht, gëtt et dofir keng geregelt Schreifweis ausser ‚Mann‘ a ‚Fra‘. Allerdéngs léisst engem dat och méi Fräiheeten am Dialekt, esou ze schreiwen, wéi een et eben héiert.
Beispill: De Maon stellt senger Frao eng Fro.
- Judith Manzoni answered 10 Jahren ago
- last edited 10 Jahren ago
Please login first to submit.


