0
0

Ech schreiwen einfach emol e Beispill fir meng Fro ze stellen…

  • „Dir kënnt mir uruffe wann Dir wëllt“.

Wann ech de Saz elo ëmdréien:

  • „Wann Dir wëllt, kënnt Dir mir uruffen“.

bleift do den /t/ um Enn vum Verb stoen oder kann deen ewech gelooss ginn, well e jo – änlech wéi bei der Eifeler-Reegel net ausgeschwat gëtt? Also: „Wann Dir wëllt, kënn Dir mir uruffen.“

0
0

All flektéiert Wuertform bleift beim Schreiwen onverännert, egal wéi a wou am Saz se steet. Also ëmmer: kënnt. Beim Schwätze kënnen natierlech all méiglech Assimlatiounen optrieden, déi awer net Deel vum Orthograph sinn.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.