0
0

Ech sichen e Lëtzebuergescht Wuert fir „dentelle aux fuseaux“ resp. „kantklossen“ (Hollännesch/ Flammännesch). Ech gouf dat am Lëtzebuergesch Cours gefrot an ech weess leider keng Äntwert.

 

0
0

Moien a Merci fir déi speziell Fro!

Am Zesummenhank mat der Stoffveraarbechtung kenne mer verschidde Verben am Lëtzebuergeschen: bitzen, heekelen, stécken, brodéieren, klëppelen asw.

Déi vun Iech ugeschwaten ‚dentelle aux fuseaux‘ ass déi sou genannte geklëppelt Spëtzt oder Klëppelspëtzt (am Däitschen ‚Klöppelspitze‘). Dat Wuert ‚Spëtzt‘ ass haut nach oft am Gebrauch, schliisslech kenne mer all Brautkleeder oder och einfach Räck mat Spëtzt.
Den Term ‚klëppelen‘ leet sech vum Handwierksgeschir of, wat gebraucht gëtt, fir dës Zort Spëtzt hierzestellen.
Klöppelspitze
Hei op der Foto gesitt Der, wéi dee Prozess ofleeft: Op der Grondlag vun engem Muster, wat meeschtens op Pabeier gemoolt ass, ginn d’Fiedem iwwerteneegeluecht a mat Nole fixéiert. D’Fiedem sinn dobäi ronderëm kleng holze Keele gewéckelt an dat sinn déi sou genannten ‚Klëppel‘.

 

 

Foto: http://ekladata.com/gVmkHozpgZ7EOFW2TQJFBF1EFL8.jpg

  • Myriam
    „Dentelle aux fuseaux“ gëtt am Lëtzebuergeschen „Bréisseler Spëtz(t)“ genannt. Zu Lëtzebuerg gouf net „geklöppelt“, déi Technik war hei onbekannt, Spëtzt gouf geheekelt. Déi „geklöppelt“ Spëtzt koum aus der Belsch (oder iwwert d’Belsch), vun dohier wuel „Bréisseler Spëtzt“. Dat däitscht „Klöppel“ kënnt vum Himmerche vun de Klacken – fir ze „klöppeln“ huet een esou kleng hëlze Keelen, wéi uewen erkläert gëtt, benotzt, an déi hunn un d’Form vum Klacken-„Klöppel“ erënnert. D’Flammänner an d’Hollänner „klossen“.
Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.