0
0

Seet een „d’Festung schläifen“ oder „…schleefen“ a wat ass den Ursprong vun deem Verb?

0
0

D’Verb ’schläifen‘ geet zeréck op mëttelhéichdäitsch ’slîfen‘ fir ’schaarf oder glat maachen‘. D’Verb ’schleefen‘ kënnt vum mëttelhéichdäitsche Verb ’sleifen‘ a bedeit ‚eppes rutschen doen‘ oder „etwas dem Erdboden gleichmachen“ (Quell: Etymologisches Wörterbuch des Deutschen, 2005, 8. Oplo, S. 1210, 1211).

Am Däitschen heescht d’Verb a béide Bedeitungen haut einfach ’schleifen‘ (alleng an der Vergaangenheetsform erkennt een, dass dat eent e staarkt an dat anert e schwaacht Verb ass: ’schliff‘ vs. ’schleifte‘. Am Lëtzebuergesche maache mir och en Ënnerscheed an der Grondform: ’schläifen‘ vs. ’schleefen‘. Der Wuertbedeitung no misst et ‚eng Festung schleefen‘ sinn.

Well sech déi zwee Verben am Däitschen awer am Infinitiv an am Präsens vermëschen, wier et denkbar, dass munch Leit an dësem Fall och ‚eng Festung schläifen‘ soen, och wann dëst net der Grondbedeitung vum Verb entsprécht. Vu dass et sech hei ëm eng speziell Konstruktioun handelt, kënne mer Iech dozou leider keng Donnéeën aus eisem Textkorpus ginn.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.