0
0

Wat ass, w.e.g., den Ënnerscheed tëscht „Wéi en/eng“ an „Wat fir en/eng“ ?

Beispiller:

  • Wéi en Auto huet hien? Wat fir en Auto huet hien?
  • Wéi eng Sandwichen hutt Dir? Wat fir Sandwichen hutt Dir?

 

0
0

Et ass effektiv schwéier, dës zwee Froenelementer am Lëtzebuergesche ganz auserneenzehalen. Am Prinzip ass „wéi een / wéi eng“ op en (implizitten) Choix bezunn, d.h. déi erwaarten Äntwert bezitt sech op e konkrete Kontext an deemno op spezifesch Persounen, Saachen, Evenementer.

  • Fro: Wéi eng Proffen has du am Lycée? (d’Fro gëtt meeschtens vun engem gestallt, deen am selwechte Lycée war, an ziilt op konkret Persounen)
  • Äntwert: de Schmitt / d’Bausch / …

Do dernieft freet „wat fir (een/eng)“ no enger allgemenger Eegeschaft. Déi erwaarten Äntwert soll eppes iwwert d’Aart a Weis oder allgemeng Charakteristiken aussoen.

  • Fro: Wat fir Proffen has du am Lycée? (d’Fro ka vun all Mënsch gestallt ginn an ziilt op d’Aart vun de Proffen an engem méi allgemenge Sënn)
  • Äntwert: lauter gudder / e puer Katastrophen / … 

Am Gebrauch lafen déi zwee Froenelementer awer heiansdo iwwerteneen, d.h., dass se am selwechte Kontext gebraucht ginn (wou d’Äntwert da méi oder manner spezifesch resp. méi oder manner allgemeng ka sinn). Ech huelen dofir Äert Beispill:

  • Fro: Wéi een Auto huet hien?
  • Äntwert: ee mat vill PS / en Honda Civic
  • Fro: Wat fir en Auto huet hien?
  • Äntwert: ee mat vill PS / en Honda Civic

Wann een dovunner ausgeet, dass „wéi een“ méi spezifesch ass, misst d’Äntwert hei „Honda Civic“ sinn. Bei „wat fir“, wat méi allgemeng ass, géif een d’Äntwert „ee mat vill PS“ erwaarden. Tatsächlech si béid Äntwerten awer  – op d’mannst no mengem Gefill – méi oder manner austauschbar, sou dass bei dësem Beispill mam Auto esou gutt wéi keen direkten Ënnerscheed tëscht „wéi een“ an „wat fir“ virläit. An deem Sënn kann ee sech och virstellen, dass Leit op d’Fro am Ufank „Wat fir Proffen has du am Lycée?“ mat Nimm äntweren, obwuel „wat fir“ no méi allgemengen Eegeschafte freet.

Heiansdo fënnt een awer och Sätz, wou just eent vun deenen zwee Elementer kann agesat ginn. Dat ass de Fall bei esou engem Saz:

  • Wat fir ee Lëtzebuerg wëlle mer eigentlech?

Hei wier „wéi een“ net wierklech passend, well et just ee Lëtzebuerg gëtt a mer kee Choix hunn. „Wat fir een“ freet awer no der Eegeschaft, d.h., dass d’Äntwert op eng Qualitéit vum Land erausleeft: e friddlecht Lëtzebuerg, e schéint, en oppent asw.

Insgesamt ass den „wéi een“ méi spezifesch, d.h. en dréit sech ronderëm e bestëmmte Choix oder Kontext. Den „wat fir“ ass éischter am Sënn vun „wéi eng Zort“ ze verstoen. Dësen Ënnerscheed ass awer an de Sätz, déi een am Alldag begéint, net ëmmer ganz prägnant.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.