0
0
Moien,
zu der Fro „Hu mer e Futur am Lëtzebuergeschen?“ ass d’Äntwert: JO, an awer och NEE. Dat Ganzt ass eng Fro vun der Perspektiv.
Hei d’Erklärung:
Funktional hu mer natierlech e Futur, well dat ass einfach e Besoin vun de Spriecher, fir eppes auszedrécken, wat nach net geschitt ass, wat also an der Zukunft läit. Dat kann een am Lëtzebuergesche quasi ëmmer mam Present maachen. Entspriechend Temporaladverbien (muer / d’nächst Woch / 2020) hëllefen, dee Bezuch ze verdäitlechen.
a) Haut sinn ech net do.
b) Muer sinn ech net do.
D’Form vum Verb ass zweemol déi nämmlecht (Present) an trotzdem huet et zweemol eng aner Funktioun, déi duerch den adverbialen Temporalzesummenhank geleescht gëtt (haut vs. muer).
Wat ass awer elo mat dem Hëllefsverb „wäert“? Dës Form gëtt oft als Futurform ugekuckt, parallel zum däitsche werden-Futur (Futur I).
Wann ee sech dat Verb genee ukuckt, da gesäit ee séier, dass et amfong méi iwwert eng Méiglechkeet resp. eng Aschätzung vum Spriecher wéi iwwert e faktesche Futur ausseet, d.h. dass et amfong bal méi Modus (Konjunktiv) wéi Tempus (Futur) kodéiert. Hei zwee Beispiller:
a) Muer wäert ech ëm dës Zäit doheem sinn.
b) Muer sinn ech ëm dës Zäit doheem.
Ech ginn dovun aus, dass Saz (a) an dësem Fall „aller Wahrscheinlechkeet no“ bedeit. Beim „wäert“ schwéngt also ëmmer e bëssen d’Aschätzung vum Spriecher mat, während (b), also de Present, méi eng faktesch Ausso duerstellt.
Zudem kann een „wäert“ och ganz ouni temporale Bezuch benotzen. Och hei ass den (a) nees mat enger Aschätzung vum Spriecher verbonnen. Saz (b) kléngt méi wéi eng Tatsaach.
a) Hie wäert vill verdéngen op där neier Plaz.
b) Hie verdéngt vill op där neier Plaz.
Déi selwecht Diskussioun fënnt een iwwregens och am Däitschen mam werden-Futur. Do heescht d’Klassifizéierung vun der werden-Form dann och „temporal-modales Hilfsverb“ an dës Approche géif ech och fir d‘wäert-Form am Lëtzebuergeschen unhuelen.
Kuerz gesot ginn et am Lëtzebuergeschen zwou Manéieren, fir d’Funktioun „Futur“ auszedrécken:
1) Present (Futur gëtt „ausserhalb“ vum Verb mat engem Temporaladverb markéiert, mat fakteschem Bezuch)
2) d‘wäert-Form (Futur gëtt duerch d’Verb markéiert, mat staarkem modalem Bezuch)
Also JO, mir hunn e funktionale Beräich fir Futur, an NEE, eng „reng“ Futurform (déi just Tempus markéiert) hu mer u sech net.
Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.