Ech si “Mataarbechter” op der Lëtzebuerger Wikipedia a schreiwen Artikelen iwwer Dëst an Dat… Ech sinn elo duerch Zoufall op en Artikel iwwer den Árpád Göncz gestouss an deem steet: “…hie war en ongresche Schrëftsteller, Iwwersetzer a liberale Politiker.” Iwwer den Adjektiv “ongresch” hunn ech mech nawell gewonnert, dat Wuert hat ech bis dohinner nach net héieren.
Ech hunn e puer Recherchen op der Wikipedia gemaacht an eraus fonnt, datt “ongresch” op en Artikel am Lëtzebuerger Land vum 9. August 2001 zréck ze féiere ass: Bettseecheschzalot heescht gyermeklàncfü.
Wat huet et mat deem “ongresch” op sech? Ass dat e Wuert dat am Lëtzebuerger Sproochgebrauch ass oder ass et net awer éischter “ungaresch”?
Am Viraus, villmools Merci fir Äre Feedback.
- Gilles, P. asked 10 Jahren ago
- last edited 10 Jahren ago
Moien,
‚ongresch‘ oder och ‚ongeresch‘ ass eng al Form fir ‚ungaresch‘. Dir fannt méi Informatiounen um LWB:
http://engelmann.uni.lu:8080/portal/WBB2009/LWB/wbgui_py?lemid=HO00892
Effektiv entsprécht d’Form mat éischter dem lëtzebuergesche Lautsystem, wou jo vill al [u]en zu [o] ofgesenkt goufen (vgl. ‚ongär‘, ‚Wonner‘, ‚Hond‘).
‚Ongeren‘ kënnt z.B. am Tit Schréider sengem ‚De Scheffe vum ale Maart‘ vir:
si ware Kinnek vu Béimen, vun Ongeren, vu Roum ‒ an esouguer Käser gin.
Ech huelen un, dass d’Wuert net méi vill am Gebrauch ass.
- Peter Gilles answered 10 Jahren ago
Please login first to submit.

