Nodeem ech de Studenten d’Tabell vun de Präpositiounen : … ech komme vun/aus… ech liewen zu/ a(n), an der, an dem….. ech ginn op /a(n / an d‘ / an de(n)….. virgestallt an erkläert hat, a „Frankräich“ an enger Kolonn vun de Länner, an dësem Fall, ouni Artikel stoen hat
… also : ech kommen aus Frankräich, ech liewen a Frankräich, ech ginn a Frankräich, …
…. sinn ech dunn erwëscht ginn an zurieds gestallt ginn, well ech selwer an engem Exerice geschriwwen hat: Mir sinn am Frankräich an der Vakanz… Do koum ech awer ee Moment an d’Lab(e)renten. Ech hu mech ronderëm bei Lëtzebuerger ëmfrot an hu festgestallt, datt mir geleeëntlech bei „Frankräich“, genee esou wéi bei der Belsch, dem Kosovo, der Schwäiz, oder dem Maroc (och Marokko ouni Artikel), en Artikel virdru setzen, just dës Kéier fir Frankräich den neutralen Artikel : d’aktuellt Frankräich… awer an dem (am) Frankräich.
Wann Dir nach Zäit fannt a Loscht hutt, géing ech mech fir Äre Gedankegang dozou interesséieren.
- Bley Sonja asked 10 Jahren ago
- last edited 10 Jahren ago
Déi meescht Lännerbezeechnunge sinn (wéi am Däitschen) Neutrum a ginn ouni Artikel gebraucht. Dass se effektiv Neutrum sinn, gesäit een, wéi an Ärem Beispill, wann den Numm e staarken Artikel kritt (dat) oder mat engem Adjektiv erweidert gëtt (mat der Endung -t):
- dat aktuellt Frankräich
- dat schéint England
- dat grousst Schweden
- dat aalt Lëtzebuerg
Eng Rei Nimm stinn allerdéngs am Maskulinum, Femininum oder Pluriel:
Maskulinum
- de Maroc // am Maroc
- den Iran // am Iran
- de Jemen // am Jemen
- de Kongo // am Kongo
- de Libanon // am Libanon
Feminium
- d’Belsch // an der Belsch
- d’Schwäiz // an der Schwäiz
- d’Corse // an resp. op der Corse
Eenzel Nimm fënnt een och am Pluriel (vrun allem Inselgruppen)
- d’Bahamas // op de Bahamas
- d’Seychellen // op de Seychellen
Wichteg ass, dass fir all dës Länner, déi keen Neutrum sinn, den Artikel obligatoresch ass.
Den Numm ‚Frankräich‘ ass variabel a gëtt meeschtens – wéi d’Regel virgesäit – ouni Artikel gebraucht, well et jo en Neutrum ass. Déi méi seele Variante mat Artikel wéi ‚am Frankräich‘ (= ‚an dem Frankräich‘) weisen, dass den Numm hei wéi ‚de Maroc‘ oder ‚d’Schwäiz‘ traitéiert gëtt. Am deem Fall gëtt ‚Frankräich‘ warscheinlech nach als Kompositum opgefaasst am Sënn vum ‚Räich vun de Franken‘. ‚Räich‘ iwwerdréit säin (neutrale) Genus op de ganzen Numm a verlaangt dann och den entspriechenden neutralen Artikel, obwuel deen net néideg wier.
An eisem Corpus kënnt ‚a Frankräich‘ 5594mol an ‚am Frankräich‘ 888mol vir; déi lescht ass zwar déi méi seele Variant, awer mat ëmmerhin 14% trotzdeem net ze vernoléissegen a sollt vläicht och am Cours ernimmt ginn.
- Peter Gilles answered 10 Jahren ago
Please login first to submit.

