Ech héiren an eise Medien ganz dacks de Begreff vum „Virdergrond“. Dat kann dach net richteg sinn. Wéi nennt een dat wann eng Meldung op déi éischt Säit soll kommen?
- Merenne Albert asked 10 Jahren ago
- last edited 10 Jahren ago
- Ech versichen, Är Fro ze beäntweren, mee ech verstinn allerdéngs net genee, wat gemengt ass. Kéint Dir Är Fro nach wieder präziséieren?
- De Froesteller präziséiert: Merci fir äeren Interessi u menger Fro. Mat dem Begrëff „Virdergrond“ mengen ech, dat daat an de Norichten dacks gebraucht get fir ze soen „in den Vordergrund gerückt“. Op Lëtzebuergesch get et dach bestemmt ee Wuert dat besser kléngt wéi „Virdergrond“.
Souwäit mir et kënne gesinn, si Vierdergrond an d’Expressioun an de Vierdergrond récken effektiv aus dem Däitsche geléint, andeems déi däitsch Wierder un d’Phonetik vum Lëtzebuergeschen adaptéiert gi sinn. Dëst geschitt (bewosst awer och onbewosst) dacks am Lëtzebuergeschen.D’Wuert ass kaum an den Dictionnairen ze fannen, d‘Luxemburger Wörterbuch an de Lëtzebuerger Online Dictionnaire kennen d’Wuert net, just am Deutsch-Luxemburgischen Wörterbuch (Saint Paul 2006) ass et dran. Trotzdeem ass d’Wuert haut relativ geleefeg, net nëmmen an der Sprooch vun de Medien. An eisem Korpus fënnt et sech 171 mol. Et gëtt generell am Lëtzebuergesche keng Zesummesetzunge mam däitsche vorder-, an de meeschte Fäll gëtt eng Konstruktioun matviischt gewielt (dt. Vodertür, Vorderbein – lb. viischt Dir, viischt Been etc.). Och dat weist eis, dass Vierdergrond nach no um Däitschen ass.
Béid, d‘Luxemburger Wörterbuch an den neie Lëtzebuerger Online Dictionnaire, kennen allerdéngs d’Géigendeel vum Vierdergrond, nämlech den Hannergrond. Vu dass dat Wuert schonns existéiert, ass et méiglech, dass och dat komplementäert Wuert op der Basis vum dätische Modell integréiert gouf: Hannergrond – Vierdergrond.
Ob een d’Wuert asetzt oder net, ass menger Meenung no eng Fro vun der Astellung par rapport zur Sprooch oder och vum Goût. ‚t kann ee sech alternativ Formuléierungen iwwerleeën, déi jee no Kontext gutt oder manner gutt passen (z.B. an den Zentrum stellen, ervirhiewen etc.).
Nach eng Bemierkung zur Schreifweis: obschonns no den aktuelle Regelen d’Wuert misst en <e> kréien, fënnt een an eisem Korpus interessanterweis méi dacks déi ‚falsch‘ Schreifweis *Virdergrond (101), wéi déi richteg Vierdergrond (58). Héchstwahrscheinlech läit och dat um méi geleefegen däitsche Schrëftbild.
- Peter Gilles answered 10 Jahren ago
Please login first to submit.

