0
0

Ech sinn op der Sich no enger „Définitioun“ vun dem Wuert „Uecht“. Dësen Numm kennt op ville Plazen am Land erfir awer, wat heecht dat Wuert „Uecht“ genee? Wat bedeit et? Acht? Ech wees et net!! Op meng Froerei, lenks a riets, hunn ech bis elo nach keng richteg Äntwert kritt. Wann der mer do kéint eng Explikatioun ginn wier ech ganz frou.

Dat et ee Flouernumm ass, dat ass gewosst. Mee, wat bedeit dat Wuert genee? Acht, O.K. Soll et awer net wéi am franséischen „le ban“ heeschen? Bei eis „de Bann“, mer hu jo och de Bannhidder! Mer hunn hei zu Fréiseng d’Strooss „Aaluecht“ op gutt däitsch „die alte Acht“?? Wat soll dat awer? Kéint et net de „ale Bann“ heeschen? Wat eng Plo, fir eppes eraus ze fannen! Awer, ech gi mech net !!

0
0

Och de Stroossennumm An der aler Uecht zu Fréiseng ass sou wéi uewe beschriwwe z’interpretéieren.

Eng Diskussioun iwwer ähnlech Nimm zu Bieles fannt Dir hei.

0
0

D‘Uecht kënnt aller Wahrscheinlechkeet no vun engem mëttelhéichdäitschen ahta/ahte a bezeechent eng Flouer an enger spezifescher juristescher Situatioun. Hei d’Angab aus dem Deutschen Wörterbuch:

ACHT, f. ager, praedium, früher ahta, ein seltnes wort, das nur die trierischen weisthümer 2, 257. 258. 262. 288. 310. 312. 323. 326. 372. 635. 640. 3, 785. 790 und die jura archiepiscopi trevirensis aus dem anfang des 13 jh. in Lacomblets archiv s. 314—361 gewähren. ager, qui atha (l. ahta) dicitur, episcopalis hatta f. ahta (wie Hel. 52, 2 hatogea f. ahtogea), in den späteren weisthümern aber ein freie acht, meins herren acht, die hofacht, immer auf freie, herschaftliche, bischöfliche grundstücke bezogen. dieser ausdruck liesze sich nun zwar zum folgenden acht und ahta cura, aestimatio in dem sinne schlagen, dasz darunter ein besonders gepflegter oder geschätzter grundbesitz zu verstehn wäre; doch da das altn. âtt pl. âttir plaga, regio, âtthagar pascua propria bezeichnet und in den altschwedischen gesetzen dieâttunger, heute ttingar auf die landeseintheilung gehn; so erscheint der begrif von ahta praedium älter als ahta cura, wenn er überhaupt dasselbe wort enthält, wiewol beide sich von agere, aka, der wurzel von ager und acker ableiten lieszen. kühn wäre es, in diesem ahtapraedium ein nach den vier himmelsgegenden getheiltes land, in ihm die grundlage der zahl acht zu erblicken. altn. âtt ist ausdrücklich cardo mundi und fiôrar âttir heims quatuor cardines mundi; war der âttung solch eine alte landtheilung, deren namen im westlichsten Deutschland fortlebte? s. DWB achtwort.

Uertschaftsnimm a Flouernimm mat Uecht oder Acht besonnesch am Lëtzebuerger an Tréier Raum op (z.B. An der Uecht, Auf der Acht etc.), huet also seng eege Regionalitéit. A Lëtzebuerg gëtt och de Familljennumm Achten, deen och mat der Uecht zesummenhänkt.

Showing 2 results
Your Answer

Please first to submit.