0
0

Wat heescht „Gastgeber“ op Lëtzebuergesch?

  • Marie-Anne Lentz-Christen asked 9 Jahren ago
  • last edited 9 Jahren ago
0
0

Dës Fro huet bei eis um Institut an och an eise Bekanntekreesser fir vill Diskussioune gesuergt. A mer sinn awer net op „deen“ Terme komm, fir op Är Fro ze äntwerten. Och an de lëtzebuergeschen Dictionnairen (ë.a. LWB oder LuxDico) ass keng direkt Iwwersetzung ze fannen. Dofir kënne mer just e puer allgemeng Iwwerleeungen oplëschten.

An dësem Fall (wéi a munch anerem och) misst een sech e Wuert léine goen. Do hätt een effektiv zwou oder dräi Sproochen als Grondlag:

  • Däitsch: Hien ass e gudde Gastgeber.
  • Franséisch: Hien ass e gudden Hôte. (d’Diskussioun iwwert de Circonflexe ass eng aner…)
  • Englesch: Hien ass e gudden Host. (vläicht éischter am Gebrauch bei jonke Leit)

Et kënnt ee bal net derlaanscht, fir op eng aner Sprooch zeréckzegräifen. Konstruktioune wéi „Gaaschtgiewer“ oder ähnlech (morphologesch) Iwwersetzunge gi scho verstan, mee net onbedéngt vun all Spriecher akzeptéiert.

Méi authentesch wier et warscheinlech, hei en Niewesaz ze maachen oder deen Terme ze ëmschreiwen.

  • Bei him fillt ee sech als Gaascht wuel. // Hien ass een, dee gutt Soiréeën organiséiert.

An eise Coursen op der Uni.lu ass et och net ëmmer evident, Fachwierder an d’Lëtzebuergescht ze iwwerdroen. Do muss een dann einfach e Wuert tel quel iwwerhuelen oder ëmschreiwen. Wat mécht een am Lëtzebuergeschen zum Beispill mat Wierder wéi „Geber- und Nehmersprache“? Allgemeng si Wierder, déi am Däitsche mat „Geber“ zesummegesat sinn, schwéier ze iwwerdroen, well een am Lëtzebuergesche keng Substantiver aus dem Verb „ginn“ ofleede kann, d.h. ech kann aus „lafen“ => „Leefer“ maachen, awer net aus „ginn“ ≠> „Ginner“.

Mee och am Alldag ginn et eenzel Wierder, wou mer keen direkt „lëtzebuergescht“ Wuert hunn, sou wéi fir d’Wuert Nähe. Et kéint een alt nach „Proximitéit“ soen, mee och dat gëtt net vun all Spriecher akzeptéiert resp. passt et och net ëmmer an all Kontext:

  • Déi Zwee haten ëmmer eng gewëssen emotional Proximitéit. (keng optimal Konstruktioun a mengen Aen)

Och hei misst een éischter op eng Ëmschreiwung zeréckgräifen:

  • Déi Zwee stounge sech emotional ëmmer zimlech no.
Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.