0
0

Um Radio kënne mer ganz oft héieren: „haut geet et ëm d’Wurscht“. Wat wëllt dat bedeiten? Ech hunn näischt fonnt am LWB an och näischt am LOD.

0
0

 „Mir hunn nëmmen nach 10 Minutte fir ze gewannen! Et geet ëm d’Wurscht!“

Wann et ëm d’Wurscht geet, dann ass et immens wichteg, sech ze engagéieren. Et kann nämlech eppes Grousses erreecht ginn. Oder anescht gesot: et geet ëm eppes. Am LWB steet d’Riedensaart effektiv nëmme ganz verstoppt – an ouni Erklärung: „lo geet et ëm d’Wurscht“.

Mee firwat ass eng Wurscht eppes, fir dat ee sech wéilt engagéieren?
Am Redensarten-Duden (Band 11) gëtt et eng ganz schéin Äntwert, wat un der Wurscht sou speziell ass.
„Diese Wendung bezog sich ursprünglich auf volkstümliche Spiele oder Wettkämpfe auf Volksfesten, bei denen als Preis eine Wurst winkte (z.B. Wurstklettern, -angeln, -schnappen).“ (S. 890)

Et ass méiglech, dass dës Riedensaart aus dem Däitschen an d’Lëtzebuergescht komm ass – am Däitsche ginn et  nämlech vill Idiome mam Sujet „Wurscht“.
Wann een neidesch ass „gönnt man jmdm. die Wurst auf dem Brot nicht“.
Wann ee beleidegt ass, ass een „eine beleidigte Leberwurst“.
Wann een ëmmer eppes Extraes kritt, kritt een „eine Extra-Wurst“.
Oder wann engem eppes méi oder manner egal ass, dann ass et him „wurscht“. Déi lescht Riedensaart fënnt een och heiansdo am Lëtzebuergeschen – an eisem Korpus ass „mir wurscht“ 30mol vertrueden.

An um Enn ass et och ëmmer schéin, sech nach eng Kéier déi héich philosophesch Riedensaart mat „Wurscht“ unzekucken, déi och am LWB  op Lëtzebuergesch optaucht: „Alles huet en Enn, nëmmen (mä) d‘Wurscht huet der zwä.“

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.