Workshop Jugendsprooch – Freideg, 26.9. um 14:00 um Belval

Dir intresséiert Iech fir sproochlech Variatioun? Dir wëllt wëssen, wéi Jugendlecher digital op Lëtzebuergesch kommunizéieren? Dir wëllt Iech austauschen iwwer Jugendwierder aus den 80er, 90er oder 2000er Joren? Am Kader vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch bitt d’Luxemburgistik vun der Uni Lëtzebuerg e Workshop vun 2h zum Theema Jugendsprooch un (och als Ifen-Formatioun). Mellt Iech…