E Virtrag iwwer Neutrum: hatt, et, dat, wat

Am Numm vum Institut Grand-Ducal (Section de Linguistique, d’Ethnologie et d’Onomastique) invitéieren ech Iech häerzlech op dësen Owesvirtrag e Freideg, den 8. November 2024, vun 18:30-19:30 zu Walfer am eduPôle, Gebai 6, Sall 004. Hatt, et, dat, wat – eng grammatesch Ausernanersetzung mam Neutrum am Lëtzebuergeschen Caroline Döhmer, Uni Lëtzebuerg „Ech war nach ni eent,…

Ganzen Artikel

Konferenz ‚Perspektiven der Movierungsforschung‘

Mir vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft freeën eis, Iech op eng wëssenschaftlech Konferenz opmierksam ze maachen, déi vum 8.10.-10.10. um Campus Belval ass. Invitéiert sinn international Fuerscher a Fuerscherinnen am Beräich Movéierung (sproochlech Referenz op Fraen an d’Markéierung dovunner). Well et eng international Konferenz ass, sinn d’Sproochen Däitsch an Englesch. Et besteet d’Optioun,…

Ganzen Artikel

Wéi fuerscht een eigentlech am Lëtzebuergeschen? Aktiounen am Lycée an Informatiounen iwwer de Studium

Alljoers am Mäerz organiséiert den FNR (Fonds national de la Recherche) eng Aktioun mam Numm Researchers at school / Chercheurs à l’école, bei där Wëssenschaftler.innen hire Beruff a Lëtzebuerger Lycéeë virstellen (Detailer ënnen). Dëst Joer waren och zwou Fuerscherinnen aus der Luxemburgistik derbäi. Leschte Mëttwoch war d’Melissa Mujkić an der École Privée Sainte-Anne zu Ettelbréck…

Ganzen Artikel

Lëtzebuergesch léieren um Niveau B2 – eng nei online Ressource vum INLL

Well d’Demande no Lëtzebuergesch-Coursen an der Erwuessenebildung ëmmer méi an d’Luucht geet, gëtt och kontinuéierlech un neiem Unterrechtsmaterial geschafft. D’Angie Gaasch, d’Jackie Messerich an de Luc Schmitz aus dem INLL waren e Méindeg, 17. Abrëll 2023, am Colloque vun der Luxemburgistik, fir dat neit Material fir den Niveau B2 aus der Rei „Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?”…

Ganzen Artikel

Wat sinn dat fir Wierder? Deel 2: Merci gesot!

An dësem Bäitrag geet et ëm isoléiert Participe-Konstruktioune mat gesot oder gewënscht, fir déi een am Lëtzebuergeschen eng Rei Beispiller ka fannen (hei via facebook an Instagram). Merci gesot Iech all e schéinen Owend gewënscht! Alles Guddes gewënscht! E schéine Gebuertsdag gewënscht Aus grammatescher Siicht loosse sech dës Sätz esou charakteriséieren, dass se eng normal Verbkonstruktioun als…

Ganzen Artikel