An Norddäitschland sin ech gewuer ginn dass hiert ‚Moin‘ vum hollännesche ‚mooi‘ (schéin) oofgeleet as. Ech sinn ëmmer dovun ausgang dass éise ‚Moien‘ vum ‚Gudde Moien‘ kënnt. As dat richtech, oder as eise Grouss och en hollänneschen Afloss?
- Frank Weis asked 9 Jahren ago
- last edited 9 Jahren ago
- Sam Mersch answered 7 Jahren ago
- last edited 7 Jahren ago
Heiansdo gëtt effektiv behaapt, eise Moie wier vum hollänneschen/nidderdäitsche moi ’schéin‘ ofgeleet. Och wa sech d’Wierder ähnlech unhéieren an am norddäitsche Raum Moin-Moin wéi dat Lëtzebuerger Moien de ganzen Dag ka gebraucht ginn, handelt es sich dach ëm zwee verschidde Wierder.
Lb. moien kënnt vu muergen (< ahd./mhd. morgen) an am Laf vun der Sproochgeschicht huet sech wéi an deene meeschte Wierder den [g] an e [j] entwéckelt. Vun do war et just nach e klenge Schrëtt, bis aus muerjen den haitege moien entstanen ass. Nieft der Aussprooch [mojən] ass heiansdo och nach [mujən] ze héieren, déi genee op déi al Form muergen hiweist.
Extraiten aus dem Luxemburger Wörterbuch
Moin, Moiën 1) (geläufiger Gruß zu jeder Tageszeit) «Morgen» (nicht mehr als bestimmte Tageszeit empfunden — kontr. aus: muergen — s. d.) — gudde M. — abweisend:Moi(ë)n och — Moië Misch — verdoppelt (rasch gesprochen): Moimoin; 2) «Prosit» (veraltet).
Muergen (Pl. Muergenter — s. LSA Karte 69 — Mosel: Morge, Marrgen, Morrecht,Westen: Mueren(t), Muerecht, Nösl.: Muaiën, M.-sauer: Moiën, veraltet, Nösl.: Muarrgen) M.:1) a. «Morgen(zeit)» — haut as e schéine, kale, naasse M. — et gët haut de M. nët hell (es klärt nicht auf) — fir de Bauer gët et de Summer ëmmer fréi (laang) Muergenter — ech kommen där Muergenter een (an einem der nächsten Morgen) — ‚t war M. gin, éier se heemgaang si — si hun durechgemaacht bis an den helle M. — wat méchs de de M. sou fréi dobaussen? — haut de M. — (op) e (ee) gudde M. koum en ugerääst — enges gudde M. wor e fort (eines Morgens) — op e fréie M. wor en durech d’Bascht — ëm de M. (gegen Morgen) — géint de(r) M. (dsgl.) — et as haut de M. ëm zéng Auer geschitt — haut de M. wor et steenhaart gefruer — haut de M. as keng Schoul — dafür im Nösl.: de Muaiën as kéng Schull — e Sonndeg (de) M. — mëtten am M. — mar de (ze) M.; b. als Gruß: schéine, gudde M. — darauf Antwort bei schlechtem Wetter: ‚t as kee schéine (scil: Muergen) — en huet kee gudde M. a kee gudden Owend (er grüßt niemanden) — Spw: all M., bréngt Suergen — cf. mar I, Moin; c. «Osten, Ostrichtung» — eist Haus as op de M. zougekéiert — et kuckt op de M.; 2) (lok. Nösl.: N.) «Morgen» (altes Landmaß — im Gutland: 33 Ar, im Nösl.: 36 Ar) — e franséische M. (33 Ar) — e preisesche M. (25 Ar) —[Bd. 3, S. 179] en ale M. (39-40 Ar) — en haalwe M. — e M. sin zwéi Réck (s. Rock) — siwe M. Liichteschäin (s. d.) — Zussetz.: Siwemuergen.
- Peter Gilles answered 9 Jahren ago
Please login first to submit.