0
0

An Norddäitschland sin ech gewuer ginn dass hiert ‚Moin‘ vum hollännesche ‚mooi‘ (schéin) oofgeleet as. Ech sinn ëmmer dovun ausgang dass éise ‚Moien‘ vum ‚Gudde Moien‘ kënnt. As dat richtech, oder as eise Grouss och en hollänneschen Afloss?

0
0
Lëtzebuergesch Moien staamt vun deem germanesche Wuert of, dat Alhoudäitsch morgan (Splett I, 2, 632; AWB 6, 803) an Mëttelhoudäitsch morgen, Mëttelnidderdäitsch morgen, Hollännesch Morge(n) (och scho Mëttelhollännesch Morgen), Nidderdäitsch (Platt) Morgen / Moorn / Morrn. (Dänesch Morn, Saarbrécker Moorje) war./ass.
Et ass sou, datt dee –g–, deen Dir an deene meeschte Forme gesi kënnt, u sech nëmmen am Standard-Houdäitschen nach als stëmmhafte velare Vokal sou vertrueden ass. An deenen anere Fäll ass sou gutt wéi ëmmer dee Laut qualitativ verännert ginn. Meeschtens ass e palataliséiert oder velariséiert ginn. An den nordseegermanesche Sproochen ass dee Laut souguer meeschtens ganz verschwonnen, sou am Engleschen morning (deen –ing ass dono derbäi gesat ginn), Dänesch an Norwegesch morn (cf. och gewëss plattdäitsch Dialekter).
Am Lëtzebuergeschen ass de –g– palataliséiert ginn, wann en net souguer ganz verschwonnen ass. Dat gesitt Dir och op der Kaart Nr. 69 (Morgen) vum Luxemburger Sprachatlas.
Eppes, wat fir déi nidderdäitsch an och mëtteldäitsch Dialekter markant ass, ass d’Schwächung vu Resonant (–r–), eppes, wat Der ëmmer nach am Lëtzebuergesche fannt, wou de Resonant mat engem Vokal, dee virdru steet, ee falenden Diphthong ergëtt (Bsp. gestuerwen, wou den –r– prinzipiell net geschwat gëtt). Am Hollännesche mierkt een awer bal näischt vun dëser Schwächung an Morgen, well den –g– sou staark velariséiert (bal uvulariséiert) ginn ass.
Als Exkurs muss ech Iech awer nach kuerz soen, datt déi Etymologie vun där nidderdäitscher Grußformel (vun nidderdäitsch moi, Hollännesch mooj an der Bedeitung schéin) nëmmen eng Erklärung ass, déi awer vun der Morphologie hier problematesch ass, well een dann erkläre muss, wou deen –n hierkënnt. (wat net sou einfach ass, och wann et sou ausgesi kann).
Och do steet d’Optioun, datt déi nidderdäitsch Form vun dem Wuert fir d’Dageszäit hierkënnt. (Dat ass och eng Optioun, déi an der Wëssenschaft gär vertruede gëtt.)
Datt déi alternativ Etymologie esouvill Gewiicht huet, ass virun allem dorop ze féieren, datt dat Ganzt och ee Politikum ass. Et geet drëm, sech vum Houtdäitschen ze eloignéieren. An de Moin Moin ass quasi d’Personifizéierung vum Plattdäitschen (oft souguer nëmme vum Hanseraum) an Däitschland.
Wat Der wësse musst, ass, datt speziell Ausdréck (wéi Grußformelen) sech oft anescht entwéckelen kënnen ewéi aner Wierder am Lexikon, well se vill méi frequent sinn an doduerch och méi oft am Risk stinn, (phonologesch) vereinfacht ze ginn.
Mee wéi gesot: Dat lëtzebuergescht Moien ass sécher mat Houdäitsch Morgen zesummenzestellen. Dat heescht jo net, datt mer dëst Wuert aus dem houdäitsche geholl hunn (dofir ass déi phonologesch Variant wahrscheinlech ze al), mee datt et een erierftent Wuert ass aus engem virausgoenden Idiom, eppes, wat dem Mëttelhoudäitschen zimlech no war (wahrscheinlech Mëttelmëtteldäitsch).
Dir gesitt, datt et Lëtzebuergesch ass schonn eleng dorunner, datt Moien och eng valabel dialektal Variant vun Mueren, Muerjen a.s.w. ass (cf. Lux. Sprachatlas Kaart 69, LOD s.v. Moien, LWB s.v. Moien). Deeselwechte Lautwandel fannt Der och an der Form lëtzebuergesch, wou an deene meeschte Varianten eng Aussprooch –oi– unzesetzen ass (an déi –uer– nëmmen ee generaliséierten Graphematismus ass; kuckt dofir an déi lescht Broschür zur Lëtzebuerger Rechtschreiwung Gewosst wéi).
Zur historescher Entwécklung am Sënn vun „wéini ass déi Begréissung opkomm“ ass et schwéier, eppes ze soen, well d’Lëtzebuergescht sou spéit beluecht ass. Et huet een de facto keng schéin termini post quem. Dovun ofgesinn, datt dat Lëtzebuergescht vum Franséischen am Beräich vun de Grußformelen laang begleet war (an nach ass).
Déi voll Form ass jo awer Gudde Moien, wou dann de gudden Deel einfach ewechgelooss gëtt als Vereinfachung. (Dir fannt dat och an houdäitschen Dialekter, wou aus Guten Tag oft nur Tag oder Tach gëtt). Oft gëtt einfach eng Form generaliséiert. Well mir awer keen *Gudden Daag hun (nëmme Gudde Mëtteg), ass dann hei de Moien generaliséiert ginn. Awer nëmme fir moies a mëttes, nëmmen heiansdo och fir owes. Am dänesche kann morn iwwregens de ganzen Dag benotzt ginn.
 
Déi Form (al, mee mir awer nach bekannter Form) Moimoin am LWB ass éischter op eng praktesch Reduplikatioun zréckzeféieren a kënnt oft an enger nach méi vereinfachter Form (Momoin) vir. Dat ass prinzipiell eng nach méi informell Form vun enger Grußformel. Déi Form Moi(e)n ass eng prosodesch Reduktioun. Béid Forme sinn op eng Plattdäitsch Entlehnung zréckzeféieren.
 
Kuerz nach zu dem lëtzebuergeschen Äddi, dat ass kloer aus dem Romaneschen. Do verstoppt sech à dieux dohanner, mee awer an der schonn am Franséische reduzéierter Form vun à dé. Dat ass dann och déi Form, déi sech an der mëttelhoudäitscher Zäit an Däitschland deelweis duerchgesat huet. Datt et déi Form ass, beweist d’Endung op -i am Lëtzebuergeschen (an datt et al ass duerch den Ëmlaut an dësem Fall) (Als éischt Referenz kënnt Der den Dictionnaire Étymologique des Éléments Français du Luxembourgeois Fasc. 1, 22-23 huelen).

 

0
0

Heiansdo gëtt effektiv behaapt, eise Moie wier vum hollänneschen/nidderdäitsche moi ’schéin‘ ofgeleet. Och wa sech d’Wierder ähnlech unhéieren an am norddäitsche Raum Moin-Moin wéi dat Lëtzebuerger Moien de ganzen Dag ka gebraucht ginn, handelt es sich dach ëm zwee verschidde Wierder.

Lb. moien kënnt vu muergen (< ahd./mhd. morgen) an am Laf vun der Sproochgeschicht huet sech wéi an deene meeschte Wierder den [g] an e [j] entwéckelt. Vun do war et just nach e klenge Schrëtt, bis aus muerjen den haitege moien entstanen ass. Nieft der Aussprooch [mojən] ass heiansdo och nach [mujən] ze héieren, déi genee op déi al Form muergen hiweist.

 

Extraiten aus dem Luxemburger Wörterbuch

Moin, Moiën 1) (geläufiger Gruß zu jeder Tageszeit) «Morgen» (nicht mehr als bestimmte Tageszeit empfunden — kontr. aus: muergen — s. d.) — gudde M. — abweisend:Moi(ë)n och — Moië Misch — verdoppelt (rasch gesprochen): Moimoin; 2) «Prosit» (veraltet).

Muergen (Pl. Muergenter — s. LSA Karte 69 — Mosel: Morge, Marrgen, Morrecht,Westen: Mueren(t), Muerecht, Nösl.: Muaiën, M.-sauer: Moiën, veraltet, Nösl.: Muarrgen) M.:1) a. «Morgen(zeit)» — haut as e schéine, kale, naasse M. — et gët haut de M. nët hell (es klärt nicht auf) — fir de Bauer gët et de Summer ëmmer fréi (laang) Muergenter — ech kommen där Muergenter een (an einem der nächsten Morgen) — ‚t war M. gin, éier se heemgaang si — si hun durechgemaacht bis an den helle M. — wat méchs de de M. sou fréi dobaussen? — haut de M. — (op) e (ee) gudde M. koum en ugerääst — enges gudde M. wor e fort (eines Morgens) — op e fréie M. wor en durech d’Bascht — ëm de M. (gegen Morgen) — géint de(r) M. (dsgl.) — et as haut de M. ëm zéng Auer geschitt — haut de M. wor et steenhaart gefruer — haut de M. as keng Schoul — dafür im Nösl.: de Muaiën as kéng Schull — e Sonndeg (de) M. — mëtten am M. — mar de (ze) M.; b. als Gruß: schéine, gudde M. — darauf Antwort bei schlechtem Wetter: ‚t as kee schéine (scil: Muergen) — en huet kee gudde M. a kee gudden Owend (er grüßt niemanden) — Spw: all M., bréngt Suergen — cf. mar I, Moin; c. «Osten, Ostrichtung» — eist Haus as op de M. zougekéiert — et kuckt op de M.; 2) (lok. Nösl.: N.) «Morgen» (altes Landmaß — im Gutland: 33 Ar, im Nösl.: 36 Ar) — e franséische M. (33 Ar) — e preisesche M. (25 Ar)[Bd. 3, S. 179] en ale M. (39-40 Ar) — en haalwe M. — e M. sin zwéi Réck (s. Rock) — siwe M. Liichteschäin (s. d.) — Zussetz.: Siwemuergen.

 

Showing 2 results
Your Answer

Please first to submit.