0
0

Moien

Dës lescht hunn ech mer d’Fro gestallt op de Feminin vun „Ligener“ eigentlech just „Ligenerin“ ka sinn oder op ee souguer „Ligenesch“ ka gebrauchen.

Fannen, datt sech béides an engem Saz gutt soe léisst:

  • „Et ass eng Ligenerin!“
  • „Et ass eng Ligenesch!“
0
0

Moien,

merci fir dës ganz spannend Fro! Fir d’éischt kann ee soen, dass d’Suffix –esch fir d’lëtzebuergesch Sprooch (wéi z.B. bei Schmattesch, Bäckesch etc.) déi méi typesch Variant ass. Trotzdem stëmmt et – et ginn e puer Wierder, bei deenen all zwou Variante gutt passen (z.B. Gäertnerin vs. Gäertnesch oder Offizéierin vs. Offizéiesch).

Ech hunn emol Ligenerin a Ligenesch an den Dictionnairen (WLM, LWB, LOD, luxdico, 9000 Wierder) nogekuckt – an d’Iwweraschung ass: Ligenerin kënnt iwwerhaapt net vir.

Wann een allerdéngs am Korpus kuckt, ass Ligenerin scho vertrueden: 6 mol  ass et ze fannen, virun allem a méi neie Texter. Ligenesch ass nëmmen 3 mol ze fannen an och haaptsächlech an alen Texter.

Et gesäit also esou aus, wéi wa sech de Gebrauch vun de Suffixen –in an –esch bei dem Wuert am Moment ännert. Dat ass och fir aner Wierder ze gesinn: ech hat emol eng Kéier hei op dem Infolux e puer Beispiller gesammelt. D’Dictionnairen konservéieren déi méi al Form Ligenesch, mee et schéngt wéi wa sech déi méi „modern“ Form Ligenerin géint Ligenesch behaapt. Am Ament sinn se op all Fall allen zwee am Gebrauch – mir hunn also eng richteg Konkurrenzsituatioun.

Showing 1 result
Your Answer

Please first to submit.