Op franséisch „le glossaire“, op däitsch „das Glossar“. Eigentlech ginn ech deem Wuert an enger Iwwerschrëft keen Artikel, awer wéi wier deen da richteg? de Glossaire – d’Glossar?
- Pim Pampel asked 8 Jahren ago
- last edited 8 Jahren ago
Ech mengen, dass een hei de Choix huet, an ech géif de Glossaire wielen, well et da bei weider Wierder op -aire passt (Formulaire, Locataire, Notaire, Dictionnaire, Questionnaire etc.). D’Glossar (Neutrum) ass sécher net falsch.
Wéi esou dacks, ass et Beräich mat Variatioun:
- den Inventaire – den Inventar
Awer:
- den Exemplaire – d’Exemplar
- Peter Gilles answered 8 Jahren ago
Your Answer
Please login first to submit.

